Mir spillen e Reim-Domino. Fir d'éischt ginn an Dräiergruppen d'Reim-Koppele gesicht, duerno muss jiddereen aus der Grupp d'Wierder mam Artikel soe kënnen. Dat Ganzt ass natierlech an däitscher Sprooch. Et sinn net ëmmer déi aus dem Cycle 3.2, déi am séierste sinn... Déi Woch duerno schreift all Grupp een Deel vun de Wierder op d'Tafel, eng aner Grupp schreift d'Reimwierder dobäi. Zum Schluss vergläiche mer nach verschidden Schreifweisen. Beispill: das Klo, der Floh. Mat oder ouni H?