Haut sinn d'Klima an de Klimaschutz d'Haaptthemen an der Schoul Eilereng. An alle Cycles ass dës Woch iwwer d'Problematik vu Klima an Emweltverschmotzung geschwat ginn. Haut sinn dës Projeten ofgeschloss ginn, an ab 10:00 gëtt alles am Kulturschapp virun alle Klasse virgestallt. De Mëtteg ginn an allen Ateliers Biller zum Thema gemolt. D'Schoul Eilereng ënnerstëtzt domat de Mouvement vu Youth For Climate an och all Schüler aus dem Lycée, déi haut um Glacis fir eng besser Welt streiken.
Dës ganz Woch schwätze mer iwwer de Klimawandel. Mir kucke verschidde Fotoen, déi de Klimawandel an den Afloss vum Mënsch op d'Emwelt an de leschte Joerzéngte, weisen. D'Kanner hun eng Rei Punkten ze analyséieren an musse dat op e Blat schreiwen.
Am Däitschen maache mer en Internetrally, wou d'Kanner en Online-Questionnaire kréien an d'Äntwerten dozou op enger Themesäit zum Klimawandel siche mussen. Dobäi geet et drëm, Texter ze iwwerfléien fir déi richteg Säit ze fannen. Et geet awer och dorëm, op der richteger Säit dann den Text genee ze liesen fir d'Informatioun erauszefilteren. Verschidden Informatiounen sinn och an de Videoen an Animatiounen op däer Internetsäit. Esou gëtt och nach d'Hörverstehen unhand vun authentëschen Dokumenter gefërdert. D'Kanner maachen des Aktivitéit an Zweeërgruppen, eng (lues) Diskussioun iwwer déi richteg Äntwert ass deemno erwënscht an dréit dozou bäi, dass d'Kanner méi déif an d'Thema mussen erantauchen.
Den Text vun eisem Laufdiktat (op franséich) dréi dorëm, wat all eenzelene géint de Klimawandel an d'Ëmweltverchmotzung allgemeng maache kann.
Haut stung vill Sazbau um Programm. D'Kanner hu Säz zesummegebaut. Déi Grouss hun Säz op franséisch zesummegebaut, duerno hu si deene Klenge gehollef andeem se hinne gesot hunn, ob nach e Feeler an hierem (natierlech däitsche) Saz wier oder net. Dobäi si verschidde Reegele widderholl ginn. Ganz interessant war et herno d'Säz méi genee ze kucken a verschidden Unuerdnunge vun de Wierder ze analyséieren. Wéi eng Sazstrukture si méiglech, wéi eng si net richteg...
Donieft hu mer erëm eist Rechespill gemaach, dës Kéier huet et geheescht: grouss géint kleng. Natierlech war d'Aufgabestellung anescht. Déi Grouss hun 1mal1-Aufgabe (bis 10 mol 20) gewürfelt, déi Kleng hun Additiounen am Zueleraum bis 20 gemaach.
Dëse Méinden hu mer am Kreativatelier ganz vill mat de LUK-Spiller geschafft. Do ass esouwuel Däitsch, Franséisch, Rechnen wéi och Logik a Legasthenie-Training gemaach ginn. D'Kanner kënne sech hei ganz flott selwer kontrolléieren an et ass einfach, jidferengem eppes ze ginn, wat sengem Niveau ëntsprécht. Duerno hu mer nach e bëssen eist Liiblingsspill gespillt. Do trëtt eng Ekipp géint déi aner am Rechnen un. Mat Würfelen stelle mer eis Aufgaben, natierlech kréien déi Grouss aner Aufgabe wéi déi Kleng...
Nous travaillons le vocabulaire pour la descrition du visage. Nous avons d'abord construit le vocabulaire en groupe, en partant des connaissances des enfants. Toujours avec le groupe-classe, nous avons commencé à construire des phrases décrivant un visage (apporté par un élève et affiché sur le téléviseur). Ainsi, les élèves disposent de modèles pour décrire individuellement un autre visage. Aujourd'hui, nous nous sommes exercés à utiliser les différents mots du vocabulaire: Nous avons découpé des visages dans des journaux et les avons affichés au tableau. Un enfant choisit un visage, à tour de rôle, les autres posent des questions pour trouver de quel visage il s'agit. Cela présent l'avantage que nous travaillons simultanément la compréhension et l'expression.
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen
D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online: