logo
Schoul Eilereng

Héich Temperaturen zu Lëtzebuerg

24. Juni 2019

Wéinst den héigen Temperaturen ass et am Moment quasi onméiglech, mëttes an de Klassesäll ze schaffen. Aus dësem Grond hu mir dës Woch eng Rei Aktivitéite mat de Kanner dobausse geplangt:

  • E Méindeg de Mëtteg sinn d'Cycles 1, 2, 3 a 4 fir Spillaktivitéite mat Waasser an Zirkusmaterial am Schoulhaff.
  • E Mëttwoch de Mëtteg maachen d'Cycles 2, 3 a 4 eng Waasserschlacht, de Cycle 1 geet wéi ëmmer an de Kulturschapp turnen.
  • E Freideg de Mëtteg maache mer wahrscheinlech och Aktivitéiten dobaussen.
Schoul Eilereng

KR Kreativatelier Léierspiller

3. Juni 2019

Haut hu mer op der Textebene d'Verständnis trainéiert. An Zweeërgruppe kruten d'Kanner een Ausschnëtt (nummeréiert mat Buchstawen) aus engem (gemeinsamen) Text. Deen konnten si liesen an zu zwee kucken, ob se verstan hunn, ëm wat et geet. Duerno sinn d'Texter op den Dëscher gelooss ginn, mer hunn eis all zesumme gesat. D'Kanner hu missen zesummen schwätzen (op däitsch natierlech...) an diskutéieren, a wéi enger Reihefollge hier Textausschnëtter dee ganzen Text erginn. Als Kontroll ass all Grupp säin Text siche gaang a si hunn se an der richteger Reihefolleg zesummegeluecht a gelies.

(Ouni Fotoen) Mir hunn och Adjektiver gesteigert (groß-größer-am größten) an d'Géigendeeler dovu gesicht (groß-klein). 

Donieft hu mer zesummegesate Nome gebilt. D'Kanner hunn erausfonnt, dass de Genre (der-die-das) ëmmer esou ass, wéi deen zweeten Deel vum Wuert (das Schloss, die Tür ==> DIE Schlosstür). Als witzegen Ofschloss hu mer ee nom aneren Quatschwierder erfonnt an d'Erklärunge dozou ginn (Fußsaft = Wenn die Füß den ganzen heißen Tag in Gummistiefeln steckten und viel schwitzten, dann nennt man die Flüssigkeit im Stiefel...)

 

Schoul Eilereng

Schoulsportdag

17. Mee 2019

Haut war eise Schoulsportdag, d'Kanner aus alle Cycles sinn a gemëschte Gruppen en Trëppeltour mat Spillstatiounen ënnerwee gangen. Wéi mer rëm an der Schoul ukomm sinn hu mer nach all zesumme gegrillt a jiddereen huet eng Glace kritt (natierlech och d'Jofferen an d'Schoulmeeschteren).

260 Biller alles uweisen
260 Biller alles uweisen
Cycle 3

Geometrie - 2

14. Mee 2019

Heute ging es um geometrische Körper. An vier verschiedenen Stationen konnten die Schüler die Aufgaben mit geometrischen Körpern lösen. Dabei wurden die Übungen immer schwieriger...

Schoul Eilereng

Kreativatelier Léierspiller

13. Mee 2019

Geschichten erfinden und erzählen!

Jede Gruppe zog drei "Story-Stones" und musste dazu eine Geschichte erfinden. Dabei durften nur Stichwörter aufgeschrieben werden. Einige Gruppen haben ihre Stichwörter mit einem Spannungsbogen strukturiert. Danach wurden die Geschichten vor der ganzen Gruppe mündlich vorgetragen und kommentiert.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Wanterfest 2023
20. Dezember 2023
Schoulsportdag 2023/2024
nach net festgeluecht...
Ausfluch 2024
nach net festgeluecht...
Schoulfest 2024
3. Juli 2024
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer