logo
Schoul Eilereng

Harmonie Eilereng

7. Juli 2021

Haut waren d'Kanner aus dem C2 an dem C3.1 an eng Virstellung vun Instrumenter vun der Harmonie Eilereng. D'Kanner kruten och en Ziedel mat Heem fir sech an d'Musék aschreiwen ze kënnen. Weider Infos gëtt et op www.harmonie-​eilereng.com.

Schoul Eilereng

Schoulausfluch C2, C3 an C4 - Parc Merveilleux

5. Juli 2021

De 5. Juli hunn d'Kanner aus dem C2, C3 an C4 e gemeinsamen Ausfluch an de Parc Merveilleux gemaach, natierlech alles mat Mask. Leider war d'Wieder net immens an et huet vill gereent, mee jiddereen hat trotzdeem Spaass 😀

95 Biller alles uweisen
95 Biller alles uweisen
Schoul Eilereng

Waasserschlacht

16. Juni 2021

Ënner strengen Oplagen hu mir haut eng Waasserschlacht gemaach. Et ass zënter langem déi éischt Aktivitéit, wou mir zou méi Kanner zesummen am Haff eppes maache konnten. D'Kanner hu virun der Schlacht e Schnelltest gemaach, ausserdeem hu mir opgepasst dass net zevill Kanner op engem Koup waren.

Cycle 3

Monsieur Gazon

11. Mee 2021

An de Sciences hu mer eng flott interdisziplinär Aktivitéit gemaach. Fir d'éischt hu mer de franséischen Text entziffert an d'Consign'en ausgefouert. Dat ganzt ass awer am Kader vun dem Science-Thema Blüten - Vermehrung der Pflanzen geschitt. D'Resultater si super! Kuckt selwer.

wp27_mg.pdf
Cycle 3

Abrël - Mee - verschiddenes

11. Mee 2021

Hei sinn e puer Fotoe vun verschiddenen Aktivitéiten aus de leschte Wochen.

66 Biller alles uweisen
66 Biller alles uweisen

1) Geometriespill an der Mathe: Hanner engem Schierm ass eng Figur aus verschiddene geometresche Kierper opgebaut. D'Kanner schaffen an Zweeërgruppen. Ee Kand kann hannert de Schierm d'Figur kucke goen a muss sengem Kolleg Uweisunge ginn, wéi deen d'Kierper muss opstelle fir déi ursprünglech Figur nozebauen. Dobäi gi natierlech déi richteg Nimm vun de Kierper gerbaucht an d'raimlecht Denke gëtt geschoult.

2) Nach ëmmer an der Geometrie huet den 3.1 e Kantemodell vun engem Würfel gebastelt.

3) Am Sport hu mer dobaussen Parkours gemaach, gewise gëtt, wéi d'Kanner sech iwwer e Gelänner hangelen. Mir hun awer och e puer spektakulär Spréng um Bam-Mikado an iwwer Mauere gemaach (keng Foto).

4) Mir haten eng kleng Coding-Aktivitéit. Déi zwou Madammen hu nëmme franséisch geschwat. Dat war eng zimlech Erausfuerderung.

5) An de Léierspiller hu mer d'Ein-mal-eins widderholl andeems d'Kanner d'Resultat mat hiere Féiss op engem Zuelefeld um Buedem gewisen hunn. Dat lénkst Been huet den Zehner an dat rietst den Einer duergestallt.

6) Am Kader vum Sport hu mer dobausse mam Frisbee geschoss. Deen ass net ëmmer do geland, wou et geplangt war...

7) Bei eiser Sciences-Challenge hun d'Kanner an Zweeërgruppe missen an 20 Minuten mat engem eenzgen A4 Blat a Pritt en héchsméiglecht Gebai bauen. Mir hun des Challenge dräimol gemaach an d'Entwécklung war impressionant.

8) Am Däitschen hu mer eng Geschicht geschriwwen, wou een e Schatz fënnt. Op Lëschten sin Ersatzwierder fir "gehen" a Wierder, déi eis ber der Orientéierung hëllefen. Zesummen hu mer nach déi Vokabele gesicht, déi op d'Schatzkaart passen.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Wanterfest 2023
20. Dezember 2023
Schoulsportdag 2023/2024
nach net festgeluecht...
Ausfluch 2024
nach net festgeluecht...
Schoulfest 2024
3. Juli 2024
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer