logo

Virliesconcours

De Virlies-Concours fir d’Kanner aus dem Cycle 4 ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert.

Sou wéi déi lescht Jore steet de Virlies-Concours ënnert engem Thema; dëst Joer ass et kleng Helden.

Dëst Thema kënnt a ville Kannerbicher, Klassiker wéi och an neie Bicher vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Lecture derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.

Op der rietser Säit kënnt Dir Iech déi komplett Broschüre (PDF) vum Virliesconcours ukucken.

1. Etapp: Preparatioun op de Virliesconcours

All Kand sicht sech e passend Buch zum Thema, stellt d'Buch an de Schrëftsteller kuerz virun der Klass fir a liest en ausgewielten a preparéierten Ausschnëtt aus dem Buch fir.

2. Etapp: Déi beschte Virlieserin/de beschte Virlieser aus der Klass

Nodeems all d'Schüler hiren Extrait vir gelies hunn, kréien déi Kanner déi effektiv interesséiert sinn um Virliesconcours Deel ze huelen, nach emol d'Méiglechkeet hiert Kënne virun der Klass ënner Beweis ze stellen.

3. Etapp: Kommunal Finale

E Mini-Virliesconcours gëtt an der Schoul Useldeng organiséiert. Hei däerfen d'Gewënner vun der 2. Etapp virum ganze Cycle 4 virliesen. Déi beschte Virlieserin oder de beschte Virlieser däerf an d'Halleffinalle.

De Gewënner vun der kommunaler Final als Unerkennung fir déi gutt Leeschtung e Bong fir zwee Kinosticket'en.

4. Etapp: Regional Finale

D'Halleffinalle gi regional organiséiert. Dat heescht dass hei d'Gewënner aus deene verschiddene Schoulen aus der Regioun 13 Deel huelen.

5. Etapp: National Finale

D'Finale vum Virliesconcours ass zum Schluss vum Schouljoër. Den Zäitlimitt vun 3 Minutte fir de bekannten Text a vun 2 Minutte fir den onbekannten Text muss strikt agehale gin.