logo

Reegelen

D'Reegelen an der "Schoul Useldeng" an an der Maison Relais "Bei de Fliedermais" sinn déi selwecht a gëllen iwwerall. All Schüler muss sech un d'Reegelen halen. Wann e Schüler sech net un d'Reegelen hält, gëtt säi Verhalen entspriechend gestrooft.

Charta

D'Schoul Useldeng an d'Maison Relais "Bei de Fliedermais" hu gemeinsam eng Charta opgestallt.

Reegelen am Bus:

  • De Bus ass mat Sécherheetsgurten equipéiert. D'Sécherheetsgurte musse benotzt ginn.
  • Soulaang wéi de Bus fiert, mussen d'Kanner op hirer Plaz sëtze bleiwen.
  • D'Schoulsäck ginn ënnert de Sëtzer verstaut. T'ass verbuede fir sech mam Schoulsak um Réck ze setzen.
  • D'Kanner klamme lues an een nom aneren an de Bus eran.
  • Am Bus schwätze mir roueg mateneen.
  • D'Kanner follegen dem Buschauffer.
  • D'Kanner halen de Bus propper. Et gëtt net am Bus giess oder gedronk.

Reegelen am Schnéi:

  • Mir schéisse kengem an d'Gesiicht oder op de Kapp.
  • Mir seefe kee mat Schnéi an.
  • Mir schéisse just mat Schnéi. Mat Äis schéissen ass geféierlech.
  • Mir passen op, dass keng Steng an de Schnéibäll sinn.
  • Mir schéissen net op d'Fassade vun der Schoul.
  • Mir stieche kengem Schnéi oder Äis ënner d'Kleeder.
  • Mir loossen de Schnéi an d'Äis am Schoulhaff.

Reegelen am Schoulhaff:

  • Mir ginn héiflech a frëndlech mateneen ëm.
  • Mir passen op d'Saache vun eise Matschüler a vun der Schoul op.
  • Mir soen dem Surveillant Bescheed wann eppes geschitt ass a waarden net bis d'Schoul erëm un ass.
  • Mir geheien eisen Offall an d'Poubelle.
  • Mir spillen net an de grousse Wasserpill wann et gereent huet.
  • Wann et schellt, stelle mir eis roueg an uerdentlech an eng Réi hannert d'Markéierung um Buedem.
  • Um Wee fir an d'Paus, oder fir zeréck an d'Klass trëppele mir ouni ze drécken an ze iwwerhuelen hanner eiser Joffer/eisem Schoulmeeschter.

Reegelen an den Hecken:

  • Mir rappen oder briechen net muttwëlleg Blieder oder Äscht of.
  • Mir spillen net mat Bengelen.
  • Wann d'Hecken "zou" sinn, bleiwe mir eraus aus den Hecken.
  • Mir trëppelen net op d'Planzen.

Reegelen um Terrain:

  • Mir halen eis un de Fussballsplang.
  • Mir halen eis un de Baskettsplang.
  • Nëmmen déi Schüler déi spillen däerfen, sinn um Terrain.
  • Mir froe fir de Ball an d'Feld sichen ze goen.
  • Mir spille fair.

Reegelen an der Schoulbibliothéik

  • D'Kanner däerfen sech maximal 2 Bicher gläichzäiteg ausléinen.
  • D'Bicher mussen onbeschiedegt erëm zréckkommen.
  • Wann e Buch verluer geet oder beschiedegt gëtt, mussen d'Eltere fir de Schued opkommen : Buch nei kafen oder bezuelen.
  • Um Wee fir an d'Bibliothéik an um Réckwee trëppele mir ouni ze lafen.
  • Um Wee fir an d'Bibliothéik an um Réckwee respektéiere mir d'Rou vun deenen anere Klassen.
  • An der Bibliothéik ass ee lues a récksiichtsvoll.
  • An der Bibliothéik gëtt just ganz lues matenee geschwat.
  • An der Bibliothéik beweege mir eis lues.
  • An der Bibliothéik gëtt net giess oder gedronk.
  • An der Bibliothéik ginn all d'Bicher erëm op hier Plaz zréck geraumt.

Reegelen fir d'Kleeder:

  • Mir di keng Schong mat Rieder oder Talleken un.
  • Mir di keng Sécherheetsuerdnung (Bottinnen) un.
  • Kuerz Boxen a Juppe mussen eng ugemoosse Längt hunn.
  • Mir kleeden eis esou, dass den Decolleté, den Nuebel an d'Ënnerwäsch bedeckt sinn.
  • Mir kommen ongeschminkt an d'Schoul.
  • Eis Kleeder weise keng Messagen oder Biller vu Gewalt, mat sexuellem Charakter oder vulgärem Inhalt.

Reegelen fir d'Elteren:

  • D'Elteren informéiere sech wou de Klassesall vun hirem Kand ass.
  • D'Elteren informéiere sech wien d'Enseignante vun hirem Kand sinn a wéi se heeschen.
  • D'Eltere suergen dofir, dass hier Kanner zur Zäit an der Schoul sinn.
  • D'Eltere parken sech op eng agezeechent Parkplaz.
  • D'Eltere respektéieren d'Parkplaze fir "personnes à mobilité réduite".
  • D'Eltere fueren an der Zone "Kiss&Go" bis bei de Schluss fir e Stau ze verhënneren.
  • D'Eltere mellen hier Kanner of wann se feelen.
spacer
spacer