logo

Archiv

An der Rubrik

ARCHIV

fënns du Fotoen

iwwer gréisser Evenementer,

déi an de leschten Joren

an eiser Schoul stattfonnt hunn.

Zirkusprojet 2016/2017

Am Fréijoer 2016 ass duerch e Flyer deen an der Bréifboîte vun der Schoul lung, d’Iddi ënner dem Léierpersonal opkomm, en Zirkusprojet ze lancéieren. An enger Versammlung ass ofgestëmmt ginn, wien dofir a wien dogéint wär. Vue que déi meescht dofir waren, huet de Comité déi pädagogesch Zirkus-Schoul “Zapp Zarap” aus Däitschland kontaktéiert, an en éischten Rendezvous stoung nach virum Summer 2016 um Programm. Den Manager deen eis do vun hirem pädagogeschen Konzept erzielen komm ass, huet de ganze Comité méi wéi begeeschtert. Deen hat also no dësem Gespréich d’Charge, den Aarbechtskollegen dat genau sou flott, spannend a motivant eriwwer ze bréngen. An och wann dat bal eng Saach vun der Onméiglechkeet war, dat sou gutt ze verkafen, sinn déi éischt positiv Gedanken an Iddien schonn gespruddelt, an et hat een d’Gefill dass dunn nach méi Leit vun deem Projet iwwerzeegt waren.

Sou ass en Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn, dem seng éischt Aufgab mol war, iwwerhaapt ze kucken op mir deen ganze Projet kéinten bezuelen. E war wierklech net geschenkt, mee dank der Gemeng, der Eltere-Vereenegung, den Elteren, de Kanner, dem Léierpersonal, de Sponsoren, ... an allen Leit déi an iergendenger Form och nëmmen 1 Cent bäigesteiert hunn, konnten mir dësen flotten Zirkusprojet op d’Been stellen a wäerten en alleguer nach laang an enger super Erënnerung behalen.

Dat ganzt Schouljoer 2016/2017 sinn fläisseg Suen gesammelt ginn, ier et dunn am Juni schonn zum Deel lass gaangen ass. Hei hannendrun fënns du eng ganz Rei vun Fotoen vun eisem Zirkusprojet.

 

Ugefaangen mat der Formatioun fir d’Léierpersonal. Dës war Sonndes, den 18. Juni 2017 vun 10.00 Auer bis 18.00 Auer wou mir en Abléck a bal all Atelier kruten an ausprobéieren konnten. Spéitstens hei, woussten mir dass et eng genial Erfarung fir d’Kanner géing ginn. Trotz sou munchen Iwwerwannungen ass de ganzen Dag vill gelaacht ginn a jiddereen huet sech dësen Dag super ameséiert. 

Zirkusformatioun fir d'Léierpersonal - 18.6.2017

Sonndes, den 2. Juli 2017, ass moies um 9.00 Auer de Camion mam Zirkuszelt ukomm. Dank villen fräiwëllegen Hänn, hunn mir all zesummen, bei leider net guddem Wieder, Zelt opgeriicht. Vun dëser Plaz aus nach eng Kéier e groussen MERCI un jiddereen deen dësen Dag Zäit a Loscht hat eis eng Hand mat unzepaken 😀

Zirkuszelt opriichten - 2.7.2017

Méindes, den 3. Juli 2017, war endlech de groussen Startschoss. D’Léierpersonal huet de Kanner hir Opféierung virgestallt, déi si am Juni an der Formatioun geüübt haten. Sou kruten all d’Kanner en Abléck an déi verschidden Atelier’en, déi si no dëser Opféierung konnten ausprobéieren, an sech duerno konnten definitiv aschreiwen. 

Zirkusopféierung vum Léierpersonal fir d'Kanner - 3.7.2017

All Dag sinn all d’Klassen erof an d’Duerf bei d’Zelt getrëppelt. Op dëser Platz dem betraffenen Bauer nach eng Kéier VILLMOOLS MERCI fir d’Verfüge-Stellen vun senger Wiss 😀

Um Wee bei d'Zirkuszelt - 3.7.2017 - 8.7.2017

Moies all beim Zelt ukomm, ass fir d’éischt d’Ouverture geüübt ginn, ier dann all Kand a séin Trainingsgrupp gaangen ass. All Enseignant hat een Atelier, deen en déi ganz Woch mat deem nämmlechten Grupp Kanner geleet huet. D’Kanner waren also ëmmer de ganzen Moien an hirem gemëschten Grupp (Cycle 1 - Cycle 4) wou se konnten üben, an dat zum Schluss vum Moien, konnten am Zelt presentéieren.

Trainingswoch - 3.7.2017 - 6.7.2017

Zirkusvirstellungen - 7.7.2017 & 8.7.2017

All Dag no der Schoul, hat d’Léierpersonal eng ½ Stonn Meeting mat den 2 Koordinatoren - dem Martin an dem Stefan - fir ze beschwätzen wat gutt a  wat net sou gutt ofgelaf ass. Sou war jiddereen optimal op d’Generalprouf virbereet, déi Freides moies, den 7.7.2017, virun Diddelenger Schoulklassen, Klassen aus der EDIFF, de klenge Kanner aus der Crèche, ... stattfonnt huet. Deen nämmlechten Dag, war owes dunn déi éischt grouss Zirkusvirstellung fir d’Familljen vun de Kanner. Den Dag drop, Samschdes moies, den 8.7.2017, war déi zweet a lescht Virstellung, wou een duerno deen flotten Dag, respektiv déi flott Woch, nach um Schoulfest konnt ausklénge loossen. D’Zirkuszelt ass direkt no der Virstellung ofgeriicht ginn, fir den Dag drop am Allgäu, Kanner kënnen déi nämmlecht Freed wéi eis ze bereeden. Och hei nees e grousse MERCI un déi Leit déi eis beim Ofriichten gehollef hunn 😀

D’Léierpersonal seet allen Leit, sief et der Gemeng, der Eltere-Vereenegung, den Eltere-Vertrieder, der Maison Relais, de Sponsoren, de Gemengenaarbechter, den Elteren, ... an jidderengem deen hei och net perséinlech ernimmt ginn ass, VILLMOOLS MERCI fir är Hëllef, an egal wéi enger Form. An natierlech e grousse MERCI un d’Reckenger Schoulkanner, déi eis dës Woch och zu engem onvergiesslechen Moment gemaach hunn.

©2021 Ecole Fondamentale Reckange/Mess Website • InfoPrivacyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.