Am Kader vun der Orientatioun fir Kanner ware mär de Mëttwoch 9. Januar am Lycée Belval. Et huet de Kanner mega gefall. Villmools MERCI dem Romain BLUM a senger ganzer Équipe.
Am Kader vum Weltkannerdag ass den Zuch vun der Demokratie den 20. November bis an d'Chambre des députés gefuer. An der VieSo hu mär eise Papppolitiker gebastelt an all eis Wënsch opgeschriwwen. Dëst war eng eemoleg Erfarung fir d'Schüler an d'Léierpersonal.