logo

Naturklassen

Zanter 2017-2018 leeft am Kader vun eisem PDS de Projet "Naturklassen".

Ziler vum Projet sinn:

  • Sensibiliséierung fir d‘Natur als Ganzt
  • bewosst a gesond Ernährung
  • erkenne vun Zesummenhäng Déieren-Natur-Mënsch
  • erliewe vun de Joreszäiten
  • an awer och einfach Spaass hunn um Dobausse sinn.

Cycle 1 : E Mueren am Bësch

All Donneschdegmoien erliewen d'Schüler aus dem Cycle 1 d'Natur ëm eis Schoul op eng spilleresch Aart a Weis kennen.

Pumptrack

Ganz nei ab dem Fréijoer 2014 ass eis Pumptrack-Piste mat Spillplaz um Site vun der Schoul Bieles-Post. Si steet prioritär dëser Schoul zur Verfügung, kann awer och vun anere Suessemer Schoule mat genotzt ginn.

Disponibelt Material am Veloskeller: 6 x Dirtbikes, 4 x 20"BMX, 4 x 18"BMX, 6 x 16" Bike, 6 x Lafrieder, Helmer, Protectiounen a ganz vill Ploschteren a Cool-Packs ...  😀.  

Am eegenen Velosatelier kënne kleng Reparaturen direkt duerchgefouert ginn.


Interessant Artikelen zum Thema:

Pumptrack Theorie: Fuertechnik mat Tipps an Tricks

Eisen Track: Vun der Gebuert bis elo!
 

©2022 Schoul Bieles Post • InfoPrivacyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Colonies de Vacances

D'Klass vum C3.2 geet all Joers am Summer op Fiesch (CH), an d'Klass vum 4.1 geet am Wanter op déi selwecht Platz Schifueren.

Méi Infos fënns de um Website vu de Colonies de Vacances aus der Gemeng Suessem:

http://colonies-​sanem.schoul.lu

spacer