Schoul Eilereng
KR Kreativatelier Léierspiller
29. Januar 2020
Mir hunn déi lescht Kéieren vill um däitsche Wuertschatz an um Sazbau geschafft. Dat hu mer zum Beispill mat Käertercher a Würfele gemaach. All Kand würfelt an ännert déi Elementer, déi beim Würfele gewise goufen (Sujet, Verb, Objet). Esou gëtt de Sazbau oft widderholl an d'Ënnerscheeder an der Konjugaison vun de Verbe gi verdäitlecht.
Mir hunn awer och vill am Rechne geschafft, och mat Würfelen. Do ginn et immens vill verschidde Méiglechkeeten: Fir déi aus dem Cycle 2: just d'Zuel benennen (eestelleg an zweestelleg), d'Zuel verduebelen... fir se alleguer: Wéivill feelt bis 10, déi eng Zuel minus déi aner... fir déi grouss: Wéivill feelt bis 100, zwou Zuele multiplizéieren (1mal1)... E beléift Spill ass den TickTackBumm. D'Kanner mussen heibäi Wierder sichen, déi eng bestëmmte Buchstawefolleg (op enger Käertchen) hunn. Fir d'Kanner aus dem Cycle 2 geet et duer, wann si e Wuert mat deem richtegen Anlaut fannen. Natierlech dierfe si och déi ganz Buchstawefolleg gebrauchen. Esou gëtt de Wuertschatz mobiliséiert an si léieren d'Wuertfamille kennen. Ganz oft kann een zesummegesate Wierder gebrauche, déi méi liicht ze fannen sinn wéi ganz neier.
Schoul Eilereng
Airtramp
27. Januar 2020
An Zesummenaarbecht mat der Maison Relas (en décke Merci un si) konnte mer eng Woch an d'Zeeche vum Airtramp setzen. All Cycle konnt dovu profitéieren a verschidde Spiller op deem grousse Loftkësse maachen. D'Kanner ware begeeschtert!
Cycle 3
Wir wollen immer weiter hoch hinaus...
27. Januar 2020
Nodeem mer e puer Dréchenübunge an der Klass gemaach hunn fir d'Kniet an d'Ustrécken ze léieren, ware mer elo schon zwee mol an der Kloterhal zu Zolwer. Do hu mer eis fir d'éischt spillerech waarm gemaach an e puer Kloterspiller am Boulderraum gemaach. Duerno ass erkläert ginn, wéi dat mam Ustrécken, Sécheren an Erofloosse fonktionnéiert a mir hunn eis éischt Versich gemaach. Verschiddener konnten och schon an der grousser Hall testen, wéi héich se kommen. E grousse Merci fir d'Ënnerstëtzung vun der Maison Relais.
Schoul Eilereng
Wanterfest
18. Dezember 2019
Haut war ab 16:00 Auer d'Wanterfest vun der Eilerenger Schoul. Mir soen alle Leit Merci, déi sech Zäit geholl hun op d'Fest ze kommen oder souguer ze hëllefen!
Schoul Eilereng
KR Kreativatelier Léierspiller
17. Dezember 2019
Déi lescht zwou Wochen hu mer vill un der Multiplikatioun respektiv un der Basis vum 1mal1 geschafft. Um Ufank hunn d'Kanner a Gruppen d'Käertercher sortéiert: jeweils eng blo an eng gring passen beieneen. Dobäi muss op d'Schrëft opgepasst ginn. ("3 mol 4" an "4 mol 3" gëtt zwar dat selwescht Resultat, ass awer net déi selwescht Rechnung).
Duerno hu mer e puer Spiller gemaach, fir dass d'Schüler sech op dem Spillfeld (eigentlech e Feld, wat d'Multiplikatiounen bis 6 duerstellt) erëmfannen. - D'Kanner mussen een nom aneren d'Käertercher (blo, gring, duercheneen) op déi richteg Plaz um Spillfeld leeën.
- Den Enseignant setzt een Däppchen op ee Feld an je ee Kand aus all Grupp muss dat passend Stéck op en aneren Dësch siche goen. Dobäi hunn déi Kanner e Virdeel, déi verstinn, wéi d'Spillfeld opgebaut ass. Déi eng hunn dat ganz séier eraus, déi aner brauche méi laang. Et fällt op, dass déi Ekipp, an däer d'Kanner sech ënnerstëtzen a géigesäiteg hëllefen, vill méi séier fäerdeg ass.
- Den Enseignant moolt eng Këscht mat engem Resultat op e wäisst Blat, d'Kanner mussen déi Käertchen/Zuel/Rechnung siche goen, déi driwwer, drënner, doniewt, diagonal... passt.
- Nodeems schon e puer blo Käertercher op d'Spillfeld geluecht goufen (==> Punkt 2), mussen d'Kanner déi gring Plakk siche goen, déi dohi passt, wou den Däppchen steet. Esou musse si fir d'éischt erfaassen, wéi eng Rechnung dohi passt, duerno musse si op deen aneren Dësch dat richtegt Resultat zu der Rechnung siche goen. Dëst ass vereinfacht, well jo just nach verschidde Plaze fräi sinn.
Virwat? - Op des Manéier verstinn d'Kanner den Opbau vun enger Multiplikatioun, si verstinn d'Verbindung mat de Flächen.
- Och hu mer gesinn, firwat verschidde Zuelen "Quadratzuele" sinn, nämlech déi, wou d'Form vun der Plakk quadratesch ass / déi wou een eng Zuel mat sech selwer multiplizéiert.
- Si léieren, wou déi eng Resultater zu deenen aneren stinn, dëst erméiglecht et hinnen spéider Strategien ze ëntwéckelen, wann si ee Resultat vum 1mal1 net (méi) wësssen.
- Si verbannen d'Rechnung(blo) mam Resultat (gring).
- Si gesinn, dass verschidde Resultater e puer mol um Spillfeld sinn.
- Ganz niewebäi ass den Tableau à double Entrée widderholl/agefouert ginn, d'Spillfeld ass eigentlech näischt anescht...
- D'Kanner waren a Bewegung an hunn erlieft, dass Ekippegeescht zu bessere Resultater féiert.
Mir hunn awer och nach verschidden aner Léierspiller gemaach, virun allem fir de Wuertschaz ze stäerken, ze mobiliséieren.
|