logo
Schoul Eilereng

Bibliothéik

18. November 2020

Kanner liesen anere Kanner eppes vir.

 

Mir hunn erem ugefaang, dass Kanner anere Kanner eppes virliesen. All Woch liesen dräi Kanner de Kanner aus engem aneren Cycle eppes vir. 

Weider Fotoe komme no...

Schoul Eilereng

Schoul Eilereng - Rentrée 2020 / 2021

15. September 2020

D'Schoul geet erëm un, an dëst Schouljoer wäert alles e bëssen anescht sinn wéi all déi Joer virdrun.

D'Schoulzäit sinn erëm "normal", d.h. et ass och Méindes, Mëttwochs a Freides mëttes rëm Schoul. Déi gewinnten Ateliere, an deenen d'Kanner aus de Cycles gemëscht sinn, wäerten awer bis op Weideres mussen ausfalen. Mir kënne warscheinlech dëst Joer och keng Liesnuecht a kee Wanterfest maachen, an och Aktivitéite wéi kachen oder Schmiere maache falen aus.

Moies, wann d’Kanner an d’Schoul kommen, ginn si op d’Plaz vun hirer Klass am Schoulhaff, a si waarden op hiren Enseignant. Dat maache mir och den éischte Schouldag esou, an d’Eltere solle wa méiglech net mat an de Sall kommen. Wann Dir als Eltere misst d’Schoulgebai betrieden, da musst Dir och e Mask undoen.

D'Kanner sollen e Buff an/oder e Mask mat an d'Schoul bréngen, well mir net an all Situatioun kënnen d'Sécherheetsofstänn anhalen.

All weider Infoe kritt Dir an vun äre jeeweilegen Enseignanten. Halt de Kontakt am beschten iwwer d'Bichelchen, iwwer Mail oder iwwer Messagen am Teams, an evitéiert w.e.g. an d'Schoulgebai eranzekommen.

Mir ginn dovun aus, dass mer dëst Schouljoer trotz der Krise gutt schaffe kënnen, a mir hoffen dass mer mat e bësse Courage a guddem Wëllen all Ziler erreeche wäerten.

Schoul Eilereng

Schéi Vakanz!

15. Juli 2020

No engem aussergewéinlechen an ustrengendem Schouljoer geet d'Schoul Eilereng elo an d'Vakanz. Mir soen alle Schüler an Elteren, souwéi all deenen, déi eis an dëse leschte Méint gehollef hunn, e grousse Merci!

Schoul Eilereng

Schoul rëm op

25. Mee 2020

Nodeems mer e puer Wochen Homeschooling gemaach hunn, ass d'Schoul elo rëm op. Obwuel d'Schoul zou war, konnt dank de neien Technologie ganz vill vun doheem aus gemaach ginn,

D'Kanner sinn elo a Gruppen opgedeelt, Gruppe wiessele no A/B-Wochen, woubai och verschidde Gruppe vun doheem aus schaffen. Et ass all Dag vun 8:00 bis 12:40 Schoul. Mëttes ass kee Cours, allerdéngs kënne Kanner no Besoin och Mëttes vun der Maison Relais betreit ginn.

Am Schoulhaff si Plazen agezeechent, wou déi eenzel Gruppen sech treffen. Souwuel am Haff wéi och op de Gäng mussen d'Kanner eng Mask unhunn. An der Klass gëtt en Ofstand vun 2 Meter gehalen, sou datt hei keng Maskepflicht besteet. Hänn gi regelméisseg désinfizéiert an d'Säll ginn och regelméisseg gebotzt.

An der Paus gi net all Kanner zesummen eraus, an d'Kanner dinn hei och Masken un.

Schoul Eilereng

Schule zwei Wochen geschlossen wegen Covid-19

13. März 2020

Die kommenden 2 Wochen ist die Schule geschlossen, allerdings sollte diese Auszeit nicht mit den Ferien verwechselt werden. Alle Schüler der Cycles 2 bis 4 haben Aufgaben für diese zwei Wochen erhalten, und sie kommen auch alle über oli.education.lu an ihre Wochenpläne, Texte und Aufgaben. Teilweise haben die Kinder ihre Aufgaben in Papierform erhalten, teilweise sind die Aufgaben online über die Virtuelle Klasse verfügbar.

Sollten es zusätzliche Fragen geben, können die Eltern über die jeweiligen Cycle-E-Mail-Adressen Kontakt mit den LehrerInnen aufnehmen.

###

L'école restera fermée pendant les 2 prochaines semaines, mais il ne s'agit pas de vacances scolaires. Tous les élèves des cycles 2 à 4 ont reçu des travaux pour ces deux semaines, et ils peuvent également accéder à leurs plans de travail, à leurs textes et aux fiches de travail via oli.education.lu. Certains enfants ont reçu des exercices sur papier, d'autres pourront les accéder en ligne via la Classe Virtuelle.

En cas de questions supplémentaires, les parents peuvent contacter les enseignants via les adresses e-mail du cycle respectif.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Schoulsportdag 2025
27. Juni 2025 fir all Kanner aus der Schoul Eilereng.
Ausfluch 2025
Grottes de Han, 14. Juli 2025.
Schoulfest 2025
Fällt aus organisatoresche Grënn leider aus, ass fir d'Kanner kombinéiert mam Schoulsportsdag de 27. Juni.
Wanterfest 2025
nach net festgeluecht...
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer