logo
Cycle 3

Kloteren

14. Oktober 2022

No e puer organisatoresche Schwieregkeeten kann eist 4. Schouljoer erem an de RedRockClimbingCenter klotere goen. No enger éischter Kéier mat vill Erklärungen hun d'Kanner sech haut een deen anere geséchert. Déi éischt Héichtenangscht ass och iwwerwonnen.

Elo schon e grousse Merci un eis Maison Relais, déi eis gutt ënnerstëtzt.

Cycle 3

Turnen - Akrobatik

4. Oktober 2022

Mir hunn dest Joer mat der Akrobatik am Turnen ugefaang. Grad am Ufank vum Joer ass dat e flott Thema, well géigesäitegt Vertrauen geübt gëtt. Dat fällt net ëmmer liicht... Verschidde Figure sinn einfach - heiansdo zimlech witzeg - anerer si scho méi schwiereg. Wichteg ass, ëmmer ganz genee ze wëssen, wou ech mech op engem Kolleg ofstäipe kann.

Cycle 2

Digital Art mam Oli.education.lu am Cycle 2

23. September 2022

Cycle 3

Sciences - Mir gin eraus

19. September 2022

Mir hu vum gudde Wieder profitéiert fir eng Aktivitéit dobaussen ze maachen. An Dräiergruppen haten d'Kanner e Bestëmmungsbuch. Si sollten esou vill wéi méiglech verschidde Planzen (an e puer kleng Déieren) fannen a bestëmmen. Fir déi méi schwiereg Fäll oder déi, déi net am Schoul-Bestëmmungsbuch ze fanne waren hate mer och nach méi komplett Bestëmmungsbicher dobäi. Déi nächst Woch ginn all des Impressiounen um Bookcreator verschafft...

Schoul Eilereng

Schoulfest

13. Juli 2022

Haut ass d'Eilerenger Schoulfest, Fotoe komme no a no am Laf vum Mëtteg...

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Schoulsportdag 2025
27. Juni 2025 fir all Kanner aus der Schoul Eilereng.
Ausfluch 2025
Grottes de Han, 14. Juli 2025.
Schoulfest 2025
Fällt aus organisatoresche Grënn leider aus, ass fir d'Kanner kombinéiert mam Schoulsportsdag de 27. Juni.
Wanterfest 2025
nach net festgeluecht...
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer