logo
Cycle 3

Abrël - Mee - verschiddenes

11. Mee 2021

Hei sinn e puer Fotoe vun verschiddenen Aktivitéiten aus de leschte Wochen.

66 images afficher tout
66 images afficher tout

1) Geometriespill an der Mathe: Hanner engem Schierm ass eng Figur aus verschiddene geometresche Kierper opgebaut. D'Kanner schaffen an Zweeërgruppen. Ee Kand kann hannert de Schierm d'Figur kucke goen a muss sengem Kolleg Uweisunge ginn, wéi deen d'Kierper muss opstelle fir déi ursprünglech Figur nozebauen. Dobäi gi natierlech déi richteg Nimm vun de Kierper gerbaucht an d'raimlecht Denke gëtt geschoult.

2) Nach ëmmer an der Geometrie huet den 3.1 e Kantemodell vun engem Würfel gebastelt.

3) Am Sport hu mer dobaussen Parkours gemaach, gewise gëtt, wéi d'Kanner sech iwwer e Gelänner hangelen. Mir hun awer och e puer spektakulär Spréng um Bam-Mikado an iwwer Mauere gemaach (keng Foto).

4) Mir haten eng kleng Coding-Aktivitéit. Déi zwou Madammen hu nëmme franséisch geschwat. Dat war eng zimlech Erausfuerderung.

5) An de Léierspiller hu mer d'Ein-mal-eins widderholl andeems d'Kanner d'Resultat mat hiere Féiss op engem Zuelefeld um Buedem gewisen hunn. Dat lénkst Been huet den Zehner an dat rietst den Einer duergestallt.

6) Am Kader vum Sport hu mer dobausse mam Frisbee geschoss. Deen ass net ëmmer do geland, wou et geplangt war...

7) Bei eiser Sciences-Challenge hun d'Kanner an Zweeërgruppe missen an 20 Minuten mat engem eenzgen A4 Blat a Pritt en héchsméiglecht Gebai bauen. Mir hun des Challenge dräimol gemaach an d'Entwécklung war impressionant.

8) Am Däitschen hu mer eng Geschicht geschriwwen, wou een e Schatz fënnt. Op Lëschten sin Ersatzwierder fir "gehen" a Wierder, déi eis ber der Orientéierung hëllefen. Zesummen hu mer nach déi Vokabele gesicht, déi op d'Schatzkaart passen.

Schoul Eilereng

Mulch

2. Abrëll 2021

Cycle 3

Sport - Parkour

19. März 2021

Mir hunn haut vum Wieder profitéiert an hunn dobaussen e puer Parkour-Übunge gemaaach. Déi lescht fënnef Minuten huet et ugefaang e bësse frësch ze ginn. Dat war deemno gudden Timing.

Cycle 3

Léierspiller März 2021

9. März 2021

Hei sinn e puer Impressiounen vun de Léierspiller mëttwoch mëttes. Déi lescht zwou Woche war et virun allem Ein-mal-eins a Rechegesetzer. Op eng spillerech Aart a Weis ginn d'Mol-Reihen an d'Rechegsetzer (Punkt- vor Strichrechnung) widderholl.

En anert Spill ass de Reihen-Tic-Tac-Toe. Et muss een der dräi an eng Rei kréien. Allerdings net einfach traditionnell Kräizer a Rondelen, mee d'Zuele vun enger Mol-Rei. Opgepasst! Wann een eng falsch Zuel schreift huet de Matspiller gewonn!

Mir hunn och Wierder mat engem bestëmmten Buchstaw gesicht an et sinn nach e puer Biller dovun, wéi mer an der Klass franséisch Sätz mat de Billerkäertercher gebaut hunn. Fir d'éischt mëndlech an duerno schrëftlech.

De BookCreator hu mer eis ugekuckt. Ech mengen, do stécht vill Potenzial fir pädagogesch sënnvoll Aktivitéiten dran.

 

 

Cycle 2

Biller zum Thema Fréihjoer

26. Februar 2021

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Schoulsportdag 2025
27. Juni 2025 fir all Kanner aus der Schoul Eilereng.
Ausfluch 2025
Grottes de Han, 14. Juli 2025.
Schoulfest 2025
Fällt aus organisatoresche Grënn leider aus, ass fir d'Kanner kombinéiert mam Schoulsportsdag de 27. Juni.
Wanterfest 2025
nach net festgeluecht...
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer