Schoul Eilereng
Atelier Léierspiller - Sazbau
21. Januar 2019
Am Atelier Léierspiller (Méindes am Nomëtten) hu mer de Sazbau geübt. Um Ufank ganz einfach, e Sujet an e Verb. Duerno kënnt nach en Objet dobäi, wat d'Übung e bësse méi schwiereg mécht. Déi kleng soen de Saz op Däitsch, déi Grouss op Franséisch, dobäi passe mer ganz besonnesch op d'Conjugaisoun op.
D'Variatioun besteet doran, dass all Kand würfelt an deemno, wat erauskënnt gëtt de Sujet, den Objet oder d'Verb gewiesselt, oder eng Kombinatioun vun deenen dräi. Doduerch, dass net de ganze Saz ëmmer gewiesselt gëtt, kréien d'Kanner et méi liicht gemaach. D'Widderhuelung vu Sazdeeler festegt d'Struktur. Eng weider Variatioun vum Spill ass, dass déi Grouss nach eng Kaart zéien, an de Saz op de beschriwwen Aaart a Weis verlängere mussen. Zum Beispill muss eng Plaz, en Zäit, eng Uersaach... dobäi gesat ginn.
Cycle 2
Séchere Schoulwee
15. Januar 2019
Haut war de Cycle 2 op d‘Gemeng eng Présentatioun vun der Police zum Thema Séchere Schoulwee kucken. An deene nächsten Deeg schwätze mer nach weider iwwer dat Thema a schreiwen och nach Texter fir an eist Buch.
Cycle 3
Lernspiele
9. Januar 2019
Eines unserer aktuellen Lernspiele: In 2er- oder 3er-Gruppen sollen die Kinder ein vorgegebenes Tangram-Motiv nachbilden. Die Schwierigkeit dabei? Bei jeder Gruppe darf nur eine Person sich das Modell anschauen. Dieser Spieler muss dann den anderen beiden (oder dem einen anderen) Anweisungen geben, welche Figuren benutzt und wie diese zueinander gelegt werden müssen. Dabei darf er selbst keine Tangram-Figur berühren! Ist die Figur richtig nachgebildet, wird ein neues Motiv gelegt und ein anderer Spieler darf es sehen und die Anweisungen geben. Das ganze spielt sich natürlich in deutscher Sprache ab.
Verweis zum Lehrplan (Was lernen die Kinder dabei?) -l'élève désigne des surfaces -reconnaître et créer des motifs et des structures géométriques - l'élève situe des objets par rapport à lui-même (gauche, droite, devant...) -demander des informations complémentaires en cas de doute -chercher à préciser sa pensée -s'articuler de manière claire, fluide et structurée -utiliser un vocabulaire précis -...
Cycle 3
Mir trainéieren Hörverstehen um Computer
20. Dezember 2018
D'Enseignanten erschafen en Online-Questionnaire. Et kënnen Froe mat enger oder méi richtegen Äntwerte sinn (Questions à choix multiple och QCM genannt), richteg-falsch-Froen oder Froe wou eng genee Äntwert muss agetippt ginn. D'Kanner lauschtere mat hirem Kopfhörer en Video- oder Audioextrait a probéieren d'Froe vum Questionnaire ze beäntwerten.
Firwat ass dës Aarbechtsweis interessant? - D'Kanner kënnen a Rou schaffen, si hunn hire Kopfhörer a kënne sech voll a ganz op den Audio konzentréieren.
- Si kënnen den Audio (hei lénks um Bildschirm) selwer stoppen, zréck goen, no vir goen, nach eng Kéier lauschteren, erëm zréckgoen...
- Gläichzäiteg kann de Schüler d'Fro (hei riets um Bildschirm) kucken an se net esou séier vergiessen oder sech vergewësseren, dass hien op der richteger Plaz am Text ass.
- Wann de Noper awer eng Kéier Kaméidi mécht (z.B hien houscht), ass dat kee Problem, d'Kand kann et jo nach eng Kéier lauschteren.
- D'Kand kritt direkt gesot, ob seng Äntwert richteg war (an wat déi richteg gewierscht wir).
- D'Kanner sinn immens motivéiert, och well si um grousse Bildschirm an der Klass gesinn, wéi hire Fortschrëtt ass.
- Ofkucke bréngt net vill, well mir astelle kënnen, dass d'Froen an déi proposéiert Äntwerten duerchernee präsentéiert ginn.
- D'Enseignante an d'Eltere kréien herno e Feedback, wéi eng Froen et waren, wéi d'Kand geäntwert huet an eng Iwwersiicht wéivill Prozent vun den Äntwerte richteg waren.
Op déi selwescht Aart a Weis schaffe mer och heiansdo mat geschriwwenen Texter.
Schoul Eilereng
Bibliothéik
20. Dezember 2018
Kanner liesen anere Kanner aus hierem oder engem anere Cycle an der Bibliothéiksstonn eppes vir.
|