D'Schoul Eilereng wënscht alle Schüler an Elteren eng schéi Vakanz bei hoffentlech guddem Wieder. Erhuelt iech gutt, de 16. September gesi mir eis erëm!
Mol eng Kéier hate mer schéint Wieder op eisem Schoulfest! Et gouf gegrillt, Famillje konnten zesummen iessen, d'Kanner konnte Spiller maachen, an et gouf natierlech och Kaffi, Kuch a Popcorn.
Haut war déi ganz Schoul Eilereng (Cycles 1 bis 4) op den Ausfluch an d'Grottes de Han (BE). Moies du mer eng Safari am Déierepark gemaach, mir hu Wëll Schwäin, Wëllef, Bieren, Bisons a ganz vill aner Déiere gesinn. An der Mëttesstonn hu mer e Picknick op der Spillplaz gemaach, duerno si mer mam Tram bei d'Grott gefuer a sinn dunn déi 4 km duerch de Bierg gangen. Fotoe komme no a no...
Wéinst den héigen Temperaturen ass et am Moment quasi onméiglech, mëttes an de Klassesäll ze schaffen. Aus dësem Grond hu mir dës Woch eng Rei Aktivitéite mat de Kanner dobausse geplangt:
E Méindeg de Mëtteg sinn d'Cycles 1, 2, 3 a 4 fir Spillaktivitéite mat Waasser an Zirkusmaterial am Schoulhaff.
E Mëttwoch de Mëtteg maachen d'Cycles 2, 3 a 4 eng Waasserschlacht, de Cycle 1 geet wéi ëmmer an de Kulturschapp turnen.
E Freideg de Mëtteg maache mer wahrscheinlech och Aktivitéiten dobaussen.
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen
D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online: