De Concours "Jeune Journaliste" adresséiert sech un d'SchülerInne vum Fondamental, Secondaire a Secondaire Général an och der Education Différenciée.
De Schüler hier Missioun ass et, d'Aarbecht vum Journaliste kennenzeléieren an: En Thema am Detail analyséieren, recherchéieren, seng Aarbecht dokumentéieren an eng journalistesch Produktioun ofzeliwweren.
All Joers gëtt e neie Sujet proposéiert, dëst Schouljoer 2022/23 war et: « D’Solidaritéit am Mëttelpunkt – La solidarité au cœur du débat »
Dëst Joer haten d'Schüler aus der Schoul d'EF "Helperknapp" vum C4.1 vun der Mme Sandra Jovanovic an dem Här Jim Kops d'Mireille invitéiert, fir am Kader vum Concours eis ONG "Amitié Am Sand-Amizero" virstellen ze kommen.
Di jonk Journaliste vu Brouch hunn och aner Associatiounen interviewt an hu mat hirer Sendung "Checker JoKo" gewonnen!