logo
FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

WFiesch19 W3

17. März 2019

Mir si gutt zu Fiesch ukomm. D'Skischung hu mer de Mueren ugemooss, d'Helmer sinn ugepasst ginn. De Mëtteg ware mer e klengen Tour trëppelen. Jidfereen ass a Form. Muer geet et op de Bierg fir déi éischt Ski unzedinn an ze probéieren. Dat ass bestëmmt net einfach, mee et wäert Spaass maachen!

77 Biller alles uweisen
77 Biller alles uweisen

Méi spéid oder muer wäert och nach deen een oder anere Video nokommen... Stay tuned!

FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

w19 Woch2 D7

15. März 2019

Leschten Dag, Medaillen a Quiztime

94 Biller alles uweisen
94 Biller alles uweisen
Schoul Eilereng

Klimadag

15. März 2019

Haut sinn d'Klima an de Klimaschutz d'Haaptthemen an der Schoul Eilereng. An alle Cycles ass dës Woch iwwer d'Problematik vu Klima an Emweltverschmotzung geschwat ginn. Haut sinn dës Projeten ofgeschloss ginn, an ab 10:00 gëtt alles am Kulturschapp virun alle Klasse virgestallt. De Mëtteg ginn an allen Ateliers Biller zum Thema gemolt. D'Schoul Eilereng ënnerstëtzt domat de Mouvement vu Youth For Climate an och all Schüler aus dem Lycée, déi haut um Glacis fir eng besser Welt streiken.

79 Biller alles uweisen
79 Biller alles uweisen
FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

W19 Woch2 D6

14. März 2019

Uiiii, Schnéi à gogo

142 Biller alles uweisen
142 Biller alles uweisen
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Thema: Klimawandel

14. März 2019

Dës ganz Woch schwätze mer iwwer de Klimawandel. Mir kucke verschidde Fotoen, déi de Klimawandel an den Afloss vum Mënsch op d'Emwelt an de leschte Joerzéngte, weisen. D'Kanner hun eng Rei Punkten ze analyséieren an musse dat op e Blat schreiwen.

Am Däitschen maache mer en Internetrally, wou d'Kanner en Online-Questionnaire kréien an d'Äntwerten dozou op enger Themesäit zum Klimawandel siche mussen. Dobäi geet et drëm, Texter ze iwwerfléien fir déi richteg Säit ze fannen. Et geet awer och dorëm, op der richteger Säit dann den Text genee ze liesen fir d'Informatioun erauszefilteren. Verschidden Informatiounen sinn och an de Videoen an Animatiounen op däer Internetsäit. Esou gëtt och nach d'Hörverstehen unhand vun authentëschen Dokumenter gefërdert. D'Kanner maachen des Aktivitéit an Zweeërgruppen, eng (lues) Diskussioun iwwer déi richteg Äntwert ass deemno erwënscht an dréit dozou bäi, dass d'Kanner méi déif an d'Thema mussen erantauchen.

Den Text vun eisem Laufdiktat (op franséich) dréi dorëm, wat all eenzelene géint de Klimawandel an d'Ëmweltverchmotzung allgemeng maache kann.

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
SCHOULFESTER 2023

BIELES-POST : MËTTWOCH 12. Juli 2023

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Juni 2025
De Do Fr Sa So
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen op de Websiten
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
23.5.2025
Schoul Eilereng
21.3.2025
Cycle 3 (C3)
26.1.2025
Cycle 2 (C2)
spacer