Haut war d'Schoulfest vun der Schoul Eilereng. Et si ganz vill Kanner an Eltere komm. Et ass gegrillt ginn, a mir hunn Zalot, Kuch a Popcorn verkaf. D'Kanner konnte Spiller maachen (Dousen ofschéissen, Fësch angelen, Fussball, Tuerm vu Pisa, Katapult, Mikado, Jongléieren) an si hu Präisser gewonn. Et gouf och eng Tombola an et goufe Still versteet. D'Kanner vum C4 hunn d'Spiller encadréiert, an déi Kanner, déi elo an de Lycée ginn, hunn hire Schoulmeeschteren a Jofferen e Cado gemaach. Jiddereen hat ganz vill Spaass.