logo
Klass: Blog

Meng Klass - Blog

Et schneit!

30. Januar 2019

An der Paus hu mer richteg gutt vum Schnéi profitéiert!

Atelier Léierspiller - Sazbau

21. Januar 2019

Am Atelier Léierspiller (Méindes am Nomëtten) hu mer de Sazbau geübt. Um Ufank ganz einfach, e Sujet an e Verb. Duerno kënnt nach en Objet dobäi, wat d'Übung e bësse méi schwiereg mécht. Déi kleng soen de Saz op Däitsch, déi Grouss op Franséisch, dobäi passe mer ganz besonnesch op d'Conjugaisoun op.

D'Variatioun besteet doran, dass all Kand würfelt an deemno, wat erauskënnt gëtt de Sujet, den Objet oder d'Verb gewiesselt, oder eng Kombinatioun vun deenen dräi. Doduerch, dass net de ganze Saz ëmmer gewiesselt gëtt, kréien d'Kanner et méi liicht gemaach. D'Widderhuelung vu Sazdeeler festegt d'Struktur.

Eng weider Variatioun vum Spill ass, dass déi Grouss nach eng Kaart zéien, an de Saz op de beschriwwen Aaart a Weis verlängere mussen. Zum Beispill muss eng Plaz, en Zäit, eng Uersaach... dobäi gesat ginn. 

Bibliothéik

20. Dezember 2018

Kanner liesen anere Kanner aus hierem oder engem anere Cycle an der Bibliothéiksstonn eppes vir.

Atelier Léiespiller

7. Oktober 2018

Am Atelier Léierspiller (méinds mëttes) schaffe mer vill d'Lautdifferenziatioun (B-P, F-W, D-T), mir trainéieren eis Raumwahrnehmung mat verschiddenen Tangram-Übungen, mat Holzwürfelen. Och Rechnunge sti nach um Programm, grad ewéi Sazbau an Vokabeltraining, ënner anerem siche mer zesummegesate Nomen am Däitschen. Esouwuel Däitsch (Präpositiounen) wéi Raumwahrnehmung gëtt geübt, wann een deen aneren op eng bestëmmt Plaz setzt.

Waasserschlacht

13. Juli 2018

Als Ofschloss vum Schouljoer 2017 / 2018 hunn den C2, den C3 an den C4 nach eng Kéier eng Waasserschlacht gemaach.

Enseignanten

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.