logo
Klass: Blog

Meng Klass - Blog

KR Kreativateliers

6. März 2019

Dëse Méinden hu mer am Kreativatelier ganz vill mat de LUK-Spiller geschafft. Do ass esouwuel Däitsch, Franséisch, Rechnen wéi och Logik a Legasthenie-Training gemaach ginn. D'Kanner kënne sech hei ganz flott selwer kontrolléieren an et ass einfach, jidferengem eppes ze ginn, wat sengem Niveau ëntsprécht. Duerno hu mer nach e bëssen eist Liiblingsspill gespillt. Do trëtt eng Ekipp géint déi aner am Rechnen un. Mat Würfelen stelle mer eis Aufgaben, natierlech kréien déi Grouss aner Aufgabe wéi déi Kleng... 

Virliesen

27. Februar 2019

E Mëttwoch de Mëtten hunn ab 15h20 d'Kanner aus dem C4 deenen aus dem C3 déi Geschichte virgelies, déi si geschriwwen haten. Et waren esouwuel franséich wéi och däitsch Texter. Well d'Wieder esou schéi war, hu mer dat am Haff gemaach. D'Elteren, déi kuerz viru Schoulschluss um Trottoire stounge waren invitéiert, sech d'Geschichten mat unzelauschteren.

Militärmusék

26. Februar 2019

Haut waren den C2 an den C3 op Invitatioun vun der Gemeng Suessem e Concert vun der Militärmusék am Artikuss kucken.

Zesumme kachen an iessen

15. Februar 2019

Schlitt fueren

31. Januar 2019

Haut war déi ganz Eilerenger Schoul op de Keupewee Schlitt fueren. Déi grouss Kanner hunn deene klenge gehollef d'Schlitter op de Bierg ze zéien, wou mer dann allerguer zesumme gefuer sinn.

Enseignanten

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.