Haut stung vill Sazbau um Programm. D'Kanner hu Säz zesummegebaut. Déi Grouss hun Säz op franséisch zesummegebaut, duerno hu si deene Klenge gehollef andeem se hinne gesot hunn, ob nach e Feeler an hierem (natierlech däitsche) Saz wier oder net. Dobäi si verschidde Reegele widderholl ginn. Ganz interessant war et herno d'Säz méi genee ze kucken a verschidden Unuerdnunge vun de Wierder ze analyséieren. Wéi eng Sazstrukture si méiglech, wéi eng si net richteg...
Donieft hu mer erëm eist Rechespill gemaach, dës Kéier huet et geheescht: grouss géint kleng. Natierlech war d'Aufgabestellung anescht. Déi Grouss hun 1mal1-Aufgabe (bis 10 mol 20) gewürfelt, déi Kleng hun Additiounen am Zueleraum bis 20 gemaach.