logo
Klass: Blog

Meng Klass - Blog

Eng Kannerkette fir den 30te Joresdag vun der UN-Kannerrechtskonventioun

20. November 2019

Och d'Kanner hu Rechter. Dat hu viru genee 30 Joer déi meeschte Länner vun de Vereente Natiounen ënnerschriwwen, an domadder versprach si géingen d'Kanner beschützen an oppassen, datt se alles hu wat se fir ee gutt Kannerliewe brauchen. 

Fir deem Dag haut ze gedenken, hunn alleguerten d'Kanner aus eiser Schoul, kleng a grouss, sech de Mëtte niewentenee laanscht d'Strooss gestallt, mat bloem Gezei an enger bloer Guirlande, a mir hunn de Leit an hiren Autoe gewonk an op eis opmierksam gemeet. Dat war ganz flott. Hei e puer Fotoe vun eiser klenger Gedenkaktioun.

Opfalen ass erlaabt

6. November 2019

D'Kanner vum Cycle 2 vun der ganzer Suessemer Gemeng hunn sech de 6. November am Artikuss fir den Ofschloss vun der Aktioun "Opfalen ass erlaabt" versammelt.

Fir d'éischt goufen déi 9 gëlle Reegelen widerholl, fir als Foussgänger sécher duerch de Verkéier ze kommen, wéi z.B. "Rout: ech bleiwe stoen. Gréng: ech ka goen!" Dono konnten d'Schüler feststellen wéi geféierlech et ass an der Däischtert mat däischterem Gezei ze trëppelen. Mat reflektéierende Vesten ass e Mënsch bis op 140 Meter siichtbar.

Ënnert der Leedung vum Annette Ben Guigui hunn d'LASEP Zumba Kids een Danz am Däischtere mat giele Liichtwesten opgefouert. Alleguerten d'Kanner kruten dono och esou eng giel Liichtwest ausgedeelt.

10 Klassen hu beim Concours "Zu Fouss an d'Schoul" matgemeet. Gewonnen huet d'Klass vum C2.1 vum Anouk Krieps vu Suessem, déi di meeschten Trajeten zu Fouss zesummenziele konnt. D'Kanner kruten ee Bong fir bei hiren Ausfluchsbudget bäizeleeën. Hinnen ee grousse BRAVO heifir!

Eis Hausaufgabebichelchen 19/20 ass do

16. September 2019

Wëllkomm op eisem Website!

15. September 2019

Dëst ass de neie Website vun der Suessemer Schoul.

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.