Mir hunn haut d'Suessemer Schlass vum Fluch vun der béiser Hex Kathrein befreit. Si hat d'Hiweiser fir den Géigenzaubersproch ze fannen an elauter Këschte verstoppt, déi een unhand vu Rätselen huet missen opkréien. Dat war ganz schéi kniwweleg! Awer mir hunn et hikritt, an elo ass d'Hex verbannt.
Mir hoffen awer datt mir geschwënn eng nei flott Aventure erliewen dierfen, well dat ass richteg cool!