D’Léierpersonal vun Zolwer invitéiert Ärch op hiert Krëschtfest
Wou? Ennen am Festsall vun der Schoul 2000
Weini? Mettwoch, den 20.Dezember vun 16.00-19.00
Den Zolwer Basket geheit eis eppes Guddes op de Grilll an Eis Epicerie verwinnt eis mat gudde Kniddelen.
Vir dat Seisst suergen eis Kanner mat Kuch a Panecher.
Natirlech wärt och de traditionellen Glühwäin net feelen.
Nieft verschidden Optretten vun eise Schüler, kann een och vill selwergebastelt Konschtwierker kafen.
Mär wäre frou, Ärch den Daach bei eis begréissen, an e puer flott a besennlech Momenter mat Ärch verbréngen ze kennen.