logo
Schoul Eilereng

Schoul Eilereng - Rentrée 2020 / 2021

15. September 2020

D'Schoul geet erëm un, an dëst Schouljoer wäert alles e bëssen anescht sinn wéi all déi Joer virdrun.

D'Schoulzäit sinn erëm "normal", d.h. et ass och Méindes, Mëttwochs a Freides mëttes rëm Schoul. Déi gewinnten Ateliere, an deenen d'Kanner aus de Cycles gemëscht sinn, wäerten awer bis op Weideres mussen ausfalen. Mir kënne warscheinlech dëst Joer och keng Liesnuecht a kee Wanterfest maachen, an och Aktivitéite wéi kachen oder Schmiere maache falen aus.

Moies, wann d’Kanner an d’Schoul kommen, ginn si op d’Plaz vun hirer Klass am Schoulhaff, a si waarden op hiren Enseignant. Dat maache mir och den éischte Schouldag esou, an d’Eltere solle wa méiglech net mat an de Sall kommen. Wann Dir als Eltere misst d’Schoulgebai betrieden, da musst Dir och e Mask undoen.

D'Kanner sollen e Buff an/oder e Mask mat an d'Schoul bréngen, well mir net an all Situatioun kënnen d'Sécherheetsofstänn anhalen.

All weider Infoe kritt Dir an vun äre jeeweilegen Enseignanten. Halt de Kontakt am beschten iwwer d'Bichelchen, iwwer Mail oder iwwer Messagen am Teams, an evitéiert w.e.g. an d'Schoulgebai eranzekommen.

Mir ginn dovun aus, dass mer dëst Schouljoer trotz der Krise gutt schaffe kënnen, a mir hoffen dass mer mat e bësse Courage a guddem Wëllen all Ziler erreeche wäerten.

Schoul Eilereng

Schéi Vakanz!

15. Juli 2020

No engem aussergewéinlechen an ustrengendem Schouljoer geet d'Schoul Eilereng elo an d'Vakanz. Mir soen alle Schüler an Elteren, souwéi all deenen, déi eis an dëse leschte Méint gehollef hunn, e grousse Merci!

Klass Ronny WESTER (C4.2) - Schoul Zolwer 2000

Vakanzenheft Cycle 4

14. Juli 2020

Hei kennen Kanner hir Kenntnisser widerhuelen, dei si während dem Confinemet/Deconfinemt gesinn hunn awer net verdeift goufen.

deutsch.pdf
franais.pdf
mathe_und_naturwissenschaften.pdf
verbesserungen.pdf
Klass Ronny WESTER (C4.2) - Schoul Zolwer 2000

Am Science Center

10. Juli 2020

Zum Ofschloss vun desem dach speziellen Joër hu mär eis vun der Physik faszinéiren gelooss.

35 Biller alles uweisen
35 Biller alles uweisen
Klass Ronny WESTER (C4.2) - Schoul Zolwer 2000

Naturrallye am Ellergronn

8. Juli 2020

Endlech sinn d'Sorties pédagogiques rem erlaabt a mär hunn och direkt dovun profitéiert

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
SCHOULFESTER 2023

BIELES-POST : MËTTWOCH 12. Juli 2023

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Juni 2025
De Do Fr Sa So
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen op de Websiten
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
23.5.2025
Schoul Eilereng
21.3.2025
Cycle 3 (C3)
26.1.2025
Cycle 2 (C2)
spacer