logo
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Thema: Klimawandel

14. März 2019

Dës ganz Woch schwätze mer iwwer de Klimawandel. Mir kucke verschidde Fotoen, déi de Klimawandel an den Afloss vum Mënsch op d'Emwelt an de leschte Joerzéngte, weisen. D'Kanner hun eng Rei Punkten ze analyséieren an musse dat op e Blat schreiwen.

Am Däitschen maache mer en Internetrally, wou d'Kanner en Online-Questionnaire kréien an d'Äntwerten dozou op enger Themesäit zum Klimawandel siche mussen. Dobäi geet et drëm, Texter ze iwwerfléien fir déi richteg Säit ze fannen. Et geet awer och dorëm, op der richteger Säit dann den Text genee ze liesen fir d'Informatioun erauszefilteren. Verschidden Informatiounen sinn och an de Videoen an Animatiounen op däer Internetsäit. Esou gëtt och nach d'Hörverstehen unhand vun authentëschen Dokumenter gefërdert. D'Kanner maachen des Aktivitéit an Zweeërgruppen, eng (lues) Diskussioun iwwer déi richteg Äntwert ass deemno erwënscht an dréit dozou bäi, dass d'Kanner méi déif an d'Thema mussen erantauchen.

Den Text vun eisem Laufdiktat (op franséich) dréi dorëm, wat all eenzelene géint de Klimawandel an d'Ëmweltverchmotzung allgemeng maache kann.

FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

W19 Woch2 D5

13. März 2019

Op der Pist , Raclette...

60 Biller alles uweisen
60 Biller alles uweisen
FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

w19 Woch2 D4

12. März 2019

'Kaiserwieder' um Kühboden an Disco2

Schoul Eilereng

KR Kreativatelier Léierspiller

11. März 2019

Haut stung vill Sazbau um Programm. D'Kanner hu Säz zesummegebaut. Déi Grouss hun Säz op franséisch zesummegebaut, duerno hu si deene Klenge gehollef andeem se hinne gesot hunn, ob nach e Feeler an hierem (natierlech däitsche) Saz wier oder net. Dobäi si verschidde Reegele widderholl ginn. Ganz interessant war et herno d'Säz méi genee ze kucken a verschidden Unuerdnunge vun de Wierder ze analyséieren. Wéi eng Sazstrukture si méiglech, wéi eng si net richteg...

Donieft hu mer erëm eist Rechespill gemaach, dës Kéier huet et geheescht: grouss géint kleng. Natierlech war d'Aufgabestellung anescht. Déi Grouss hun 1mal1-Aufgabe (bis 10 mol 20) gewürfelt, déi Kleng hun Additiounen am Zueleraum bis 20 gemaach.

FIESCH WANTER - Colonies Fiesch

W19 Woch2 D3

11. März 2019

Schifueren am Schnéistuerm, Spaghetti à gogo an Spillerowend

39 Biller alles uweisen
39 Biller alles uweisen
©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
SCHOULFESTER 2023

BIELES-POST : MËTTWOCH 12. Juli 2023

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen op de Websiten
27.6.2025
Schoul Eilereng
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
21.3.2025
Cycle 3 (C3)
26.1.2025
Cycle 2 (C2)
spacer