Comec EHL - Schoul Eilereng
Liesnuecht
26. Januar 2018
Vum Freideg dem 26. Januar op e Samschdeg de 27. Januar hat d'Eilerenger Schoul hir Liesnuecht. Kanner aus alle Cycles sinn ab 18:00 Auer zréck an d'Schoul komm. Verschidde Kanner hunn anere Kanner virgelies, duerno hu mer zesummen dobausse beim Lagerfeier giess. Nom Iessen ass nach eng Kéier virgelies ginn, an dunn hunn d'Kanner an der Schoul geschlof. Samschdes Moies konnten d'Elteren d'Kanner rëm siche kommen.
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng
Mir schaffen mam Computer
6. Januar 2018
Mir sin amgaang dat däitscht Buch "Ganz geheim" ze liesen. Reegelméisseg schaffe mer do online un engem Questionnaire. D'Kanner mussen an de Gruppen am Buch déi richteg Äntwert sichen an se genee antippen. Wann se richteg ass, fiert hirt Einhorn/Rakéit/Velo... um grousse Bildschierm weider. Et geet drëm net nëmme séier eppes dohinzetippen, well wann d'Äntwert falsch geschriwwen ass, kënnt d'Grupp net weider a si gi vun deenen aneren iwwerholl... D'Kanner sinn immens motivéiert!
Comec EHL - Schoul Eilereng
Wanterfest
13. Dezember 2017
E Mëttwoch den 13. Dezember war eist Wanterfest, dës Kéier déi éischte Kéier bei der Schoul selwer mat Raclette, Kniddelen a Winter Jack. Leider hate mer ganz schlecht Wieder, et huet gereent an et war kal, sou dass kee richtege Wanterfeeling opkomm ass.
Cycle 2 (C2) - Schoul Eilereng
Visite Science Center Differdange
30. November 2017
En Donneschdeg war de Cycle 2 am Science Center zu Déifferdeng, wou mer ganz vill experimentéiere konnten a wou mer vill iwwer Elektrizitéit a Magnetismus geléiert hunn.
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng
A Schmatten!
29. November 2017
Den 29. November ware mer op de pädagogesche Bauerenhaff "A Schmatten". Thema: Mëllech a Botter.
|