Schoulsportdag
D'Editioun 2019 vum Schoulsportdag huet Donneschdes, de 06.06.19 stattfonnt.
Auerzäiten: D’Ateliere vum C3 a vum C4 dauere vun 08:30 bis 12:00. D’Ateliere vum C1 an C2 dauere vun 08.15 bis 11:20.
Siten: D’Ateliere vum C3 an C4 ginn um Site Boulodrome an um Site Belval ugebueden. D’Ateliere vum C1 an C2 ginn um Site Schoul Roude Wee an um Site CDI/Blo Goaler ugebueden.
Planning: De genauen Zäitplang vun den Atelieren gëtt den Titulairen an der Woch vum Schoulsportdag ausgedeelt.
Atelieren: All Titulaire kritt en Handout mat Erklärungen zu deenen eenzelen Atelieren. Bei verschidden Ateliere ginn Titulaire vu Surnumérairen ënnerstëtzt.