NEWS & UPDATES: Wat leeft an eise Schoulgebaier ?
Schnéiklassen Gemeng Péiteng
CDN 2020 - Gutt ukomm +++ Bien arrivés
16. Januar 2020
D'Schoulkanner aus dem Cycle 4.2 vu Péiteng, Rodange a Lamadelaine an déi ganz Equipe vun de Schnéiklassen si gutt am Jufa "Wipptal" zu Steinach am Brenner ukomm! Enfants, personnel enseignant et accompagnateurs sont bien arrivés à l'auberge "Wipptal" à Steinach am Brenner. Nous leur souhaitons un agréable séjour! Infos et photos de l'édition 2020 ici sur le site http://classedeneige.schoul.lu
Schnéiklassen Gemeng Péiteng
Informatiounen iwwer den Départ an d'Schnéiklassen 2020
15. Januar 2020
Dëse Mëttwoch 15. Januar fueren d'Schoulkanner aus de Cycle-4.2-Klasse vu Lamadelaine, Rodange a Péiteng mat hirem Léierpersonal an hire Moniteuren op "Steinach am Brenner" (Brenner) fir do 8 flott Deeg am Schnéi ze verbréngen. Hei fannt dir dann nach eemol déi genee Auerzäiten an Treffpunkten vun deene 5 Bussen. Mir wënschen hinnen alleguer eng gutt Rees an eng schéin Zäit dohannen!
CLASSE DE NEIGE / Schnéiklassen 2020
13. Januar 2020
Déi lescht Virbereedunge lafen op Héichtouren! D'Schnéiklassen 2020 komme lues awer sécher méi no. Départ ass e Mëttwochowend, de 15. Januar! Steinach, mir kommen...
Klass Maité RASSEL (C4) - Schoul Lamadelaine
Visitt vum Science Center
8. Januar 2020
Haut de Moien hu mir de Science Center zu Déifferdeng besicht. Do haten d’Schüler d’Méiglechkeet iwwer 60 verschiddenen Experimentéierstatiounen ze erfuerschen an auszetesten. Des Weideren hu mir un enger Show iwwer „Matériaux“ deelgeholl, wou mir léierräich Informatiounen zu Materialien ewéi Stol entdecke konnten.
Grondschoulen Gemeng Péiteng
Schéi Feierdeeg
19. Dezember 2019
Mir wënschen de Kanner, hiren Elteren an dem Léierpersonal schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer! Nous souhaitons aux enfants, à leurs parents ainsi qu'au personnel enseignant un joyeux Noël et une bonne année !
Klass Maité RASSEL (C4) - Schoul Lamadelaine
Eis Deko fir d'Feierdeeg
12. Dezember 2019
En Deel vun eiser Deko, déi mer selwer gebastelt hunn, fir eis Klass ze dekoréieren, sou dass mir eis elo schonns bëssen op d'Feierdeeg astëmme kënnen.
Klass Maité RASSEL (C4) - Schoul Lamadelaine
Visitt vun de Minnen
4. Dezember 2019
Haut op Bärbelendag si mir op Lasauvage an d'Naturschoul gefuer. Mir hunn do vill iwwert d'Minnen, d'Aarbechte vun deemools an och nach Weideres geléiert. Zu deem hu mir eng Visitt vun der Minn zu Lasauvage gemaach.
|