logo
Klass: Blog

Meng Klass - Blog

Projet ORIKA am LTMA

5. Februar 2020

Mir waren haut an de d’Annexe Jenker vum Lycée Technique Mathias Adam. Mir hunn do interessant Informatiounen zu dësem Lycée kritt. Um Ufank hunn d’Schüler a klenge Gruppen ee Rallye gemaach, bei deem se d’Gebäi an d’Räimlechkeete vum Lycée erkunde konnten. No enger klenger Paus mat Schocki a Croissanten haten si dunn d’Méiglechkeet un engem vu 4 verschiddenen Atelieren deelzehuelen. Si konnten an der Kiche baken, am Metall- oder am Bastelatelier schaffen oder zur Entspanung um Yoga deelhuelen.

Visitt vum Science Center

8. Januar 2020

Haut de Moien hu mir de Science Center zu Déifferdeng besicht. Do haten d’Schüler d’Méiglechkeet iwwer 60 verschiddenen Experimentéierstatiounen ze erfuerschen an auszetesten. Des Weideren hu mir un enger Show iwwer „Matériaux“ deelgeholl, wou mir léierräich Informatiounen zu Materialien ewéi Stol entdecke konnten.

Eis Deko fir d'Feierdeeg

12. Dezember 2019

En Deel vun eiser Deko, déi mer selwer gebastelt hunn, fir eis Klass ze dekoréieren, sou dass mir eis elo schonns bëssen op d'Feierdeeg astëmme kënnen.

Visitt vun de Minnen

4. Dezember 2019

Haut op Bärbelendag si mir op Lasauvage an d'Naturschoul gefuer. Mir hunn do vill iwwert d'Minnen, d'Aarbechte vun deemools an och nach Weideres geléiert. Zu deem hu mir eng Visitt vun der Minn zu Lasauvage gemaach.

Visitt vun der Expo: Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

27. November 2019

Mir hunn haut eng Visitt guidée zu Péiteng duerch d'Expo zum Zweete Weltkrich gemaach.

©2025 Schoulen • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.