logo

Aktivitéiten

Raus aus dem Klassesall a wëllkomm bei de „CLASSES VERTES“ am Centre Ecologique zu Housen am Parc.

Niewt enger ganzer Rei vun Aktivitéiten bidde mir Iech och Restauratioun an Schlofméiglechkeeten fir Är Klass un.

 

Programm 2020 - 2021 

 

Mir entdecken de Bësch

C1 + C2

Mir léieren de Liewensraum Bësch mat all eise Sënner kennen. Wat kann een am Bësch héieren? Wéi richt et am Bësch? Wéi ass et,wann een sech net méi op seng Ae verloosse kann? Spilleresch erliewen d‘Kanner de Bësch bewosst mat hire Sënner.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

D’Déieren am Bësch

C1- C4

Wéi eng Déiere liewen hei am Bësch? Wéi liewen se a wourun erkenne mir se? Wéi eng Spuren hannerloossen se? Mir sichen no Déierespuren a mir léieren verschidden Déiere méi genee kennen. Mir verloossen eis dobäi net nëmmen op d’Aen, mä och d’Ouer spillt heibäi eng wichteg Roll.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

De Bauerenhaff

C1+C2

Zesumme gi mir op de Bauerenhaff a léieren di verschidden Déirenzorten do kennen. Wat fir Aarbechte falen um Bauerenhaff un? Wat fir eng Maschinnen huet de Bauer? Mir kucken eis alles un an hëllefen dem Bauer bei der Aarbecht.

Dës Aktivitéit ass just mëttes méiglech.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Kleng Saache ganz grouss

C3 + C4

An der Natur ginn et ganz vill interessant Saachen, déi mir dacks net gesi well se esou kleng sinn. Dës Aktivitéit erméiglecht et de Kanner ganz bewosst kleng Déieren a Planzen aus der Natur méi genee ze kucken. Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, Saachen ze vergréisseren. Déi léiere mir kennen an entdecken dobäi ganz nei Detailer, déi mir mam bloussen A net gesinn.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

"Landart"

C1 + C2

D’Natur huet eng ureegend an zugläich berouegend Wierkung; do kënnen d’Kanner hirer Fantasie fräie Laf loossen an hir Kreativitéit entfalen. Mir ginn eraus an de Bësch a bauen a gestalte mat an an der Natur. D’Form, d’Struktur an d’Faarwe vun de Naturmaterialie reegen d’Fantasie vun de Kanner un an förderen hire Sënn fir Ästhetik.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Elektrizitéit, Energie an erneierbar Energien

C3 + C4

Wat ass Energie? Wou kënnt se hier, wéi benotze mir se? Wéi eng verschidden Energieforme fanne mir an der Natur? Wéi produzéiere mir Energie? Mir produzéieren haaptsächlech elektresch Energie. Mä wat ass eigentlech Stroum, a wéi kënnt en an d’Haus? D’Kanner maachen hir eegen Experimenter a bauen elektresch Stroumkreeser. Da stelle mir eis d’Fro no erneierbaren Energien: Wéi kann ee mat Loft, Waasser oder Sonneliicht Stroum hierstellen?

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

D’Lëtzebuerger Geographie

C4

Mir léieren eist Land mat enger riseger 3D-Kaart (+/-5x9m), virum Centre Ecologique geleeën, kennen. D’Land ass an de passende Steng (Sandsteen, Minette a Schiefer) agefaasst an och gefëllt. Et ass an dem Héichtenniveau esou gebaut, datt mir mat Kulangen a Stränzen di 4 Flëss Uelzecht, Sauer, Our a Musel entdecken. Esou gesi mir, wat fir e Waasserlaf wouhi fléisst, bis dann alles zu Waasserbëlleg eisen Territoire verléisst.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Geocaching

C4

Beim Geocaching geet et drëm mat Hëllef vu GPS-Geräter verstoppte kleng Këschten, Cache genannt, ze fannen. No enger Aleedung iwwert de Fonctionnement vun de GPS-Apparaten, maachen d’Kanner sech op de Wee no der Sich vum „Schatz“. Mat Hëllef vum GPS musse si de Wee selwer fannen. Dobäi musse si nach Froe beäntweren a Rätsele léise fir d’Koordinate vum nächste Cache ze fannen. Wann dës Aufgaben all geléist sinn, fannen d’Kanner de Schatz.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Rallye am Parc

C1 – C4

Bei dëser Aktivitéit sollen d’Kanner de Bësch erliewen an dobäi spilleresch Wëssen iwwert de Bësch sammelen. Op engem Parcours kréien d’Kanner Aufgaben a Froen iwwert de Liewensraum Bësch gestallt, déi si zesumme léise mussen.  Hei ginn zum Beispill  Beem an Déiere bestëmmt, oder awer sportlech Aufgabe gemeeschtert.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Mole mat Naturfaarwen

C1 + C2

Wéi kritt een d’Faarwen aus de Planze fir domat molen ze kënnen? Zesumme gi mir eraus an d’Natur an sammele Planze fir e Bild ouni Bläistëft a Pinsel ze molen. Och Uebst a Geméis aus dem Gaart kann een huele fir de Choix méi grouss ze maachen. Verschidde Planzen benotze mir och fir selwer Faarf hirzestellen. 

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Mir erfuerschen d’Waasser

C1 + C2

D’Kanner entdecke mat eegestännegen Experimenter verschidden Eegenschafte vum Waasser. Mir brauchen all Dag vill Waasser. Wéi kënne mer Waasser spueren? Wat schwëmmt um Waasser, a wat geet ënner? Am Waasser kann een och Saachen opléisen.Wat ass d’Oberflächenspannung? Ass Waasser ëmmer flësseg? A vill aner Saache sinn ze entdecken…

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Nuit des loups

C2 + C3

D‘Kanner hunn eng Missioun: Si mussen dem Meeschter vun de Geschichten hëllefen, seng verluere Geschichten erëmzefannen. Ënnerwee begéine si mystesche Gestalten. Dës Personnagen hëllefen de Kanner de Wee duerch den däischtere Bësch ze fannen. Op hirem Wee mussen d’Kanner sech enger Prolemsituatioun stellen a kommen a Kontakt mam Bësch an der Nuecht. Si gi mat Ängschte konfrontéiert a versichen, dës ze iwwerwannen. Zugläich léiere si hir Agressiounen ënner Kontroll ze halen a Problemer zesummen am Grupp ze léisen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

De Weier

C3 + C4

Zesumme gi mir bei de Weier. D’Kanner sollen do deen neie Liewensraum kenneléieren. Zesumme beobachten an sammele mir Déiercher déi ronderëm an am Weier liewen. Mat engem Bestëmmungsschlëssel versiche mir erauszefannen, wat fir eng Planzen an Déieren et sinn.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

D’Baach

C3 + C4

Zesummen erliewe mir d’Baach an hir Biodiversitéit. Mir kucken, wéi natierlech eis Bach ass, moossen, wéi séier d’Waasser fléisst a bestëmmen d‘Temperatur. Mir fänken Déieren aus der Baach a kucken eis se ënnert der Lupp un. Un Hand vun engem Bestëmmungsschlëssel versiche mir den Numm vun den Déiercher ze fannen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Mole mam Alan Johnston

C2 – C4

Zesumme mat dem Alan Johnston, engem bekannten Naturalist an Artist, gi mir eraus an d’Natur a léieren, naturgetrei an detailräich ze kucken an ze molen. Dobäi kréie mir flott Geschichten erzielt.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Ponyatelier

C1 + C2

Um Ponyshaff kréien d’Kanner een ofwiesslungsräiche Programm ronderëm de Pony ugebueden: Wéi liewen se, wéi verhalen se sech, wéi mussen se gefleegt ginn? Och Spiller mam Pony si méiglech.

Aktivitéitsfiche (A4): 

Op de Spuere vun de Bëschgeeschter

Cycle 1 + 2

Zesumme maachen mir eis op de Wee an de Bësch a gestalten do Bëschgeeschter mat Hëllef vun Naturmaterialien. D’Form, d’Struktur an d’Faarwe vun den Naturmaterialien reegen d’Fantasie vun de Kanner un an fërderen hire Sënn fir Ästhetik.

No eisem Openthalt am Bësch gi mir an d’Kichen an zauberen do kleng Bëschgeeschterpizzaen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Zwergen,Trollen a Co.

Cycle 1 + 2

„Für Kinder hat alles in der Natur eine Seele. Vor allem im magischen Alter zwischen drei und sieben Jahren sind Mädchen und Jungen noch eins mit allen Dingen und Lebewesen. Wenn wir Erwachsene uns wieder trauen, ihnen von Zwergen, Elfen, Nixen und Wassermännern zu erzählen, geben wir den Kindern Bilder für ihre Seele. Und vielleicht erleichtern wir ihnen dann auch ihren Zugang zur Achtung vor dem Wunder Natur“, (Spielpädagogin und Buchautorin Sybille Günther).

Zesummen am Bësch siche mir no den Zwergen hiren Haiser. Mir léieren, méi genee ze kucken, a kréien wärend dem Spadséiergang vill Geschichten iwwert de Bësch vum Zwerg Leo verzielt. Verschidden Aufgabe vun den Zwergen stäerken eist Selbstvertrauen a mat Naturmaterialie baue mir selwer een Zwergenhaus.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

D’Madamm Apel

Cycle 1 + 2

Am Hierscht ass d’Zäit vun den Äppel. Wei entsteet een Apel? Wou wuessen se a wéi gesäit hire Bam aus? Zesumme gi mir mat de Kanner an de Bongert an mir kucken eis d’Beem un an huelen Äppel mat. Am Klassesall léiere mir da verschidden Äppelzorte kennen a maachen Experimenter mam Apel. Wann d’Aktivitéit iwwert ee ganzen Dag leeft, entdecke mir och nach flott Rezepter mat Äppel an der Kichen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Rieder, Hiewelen a Katapulter

Cycle 2 + 3

Kanner si faszinéiert vun technesche Geräter a Spillsaachen, déi sech beweegen. Wéi fonctionnéieren se? Zil vun der Aktivitéit ass, dass d’Kanner duerch d’Manipuléieren an d’Baue vun einfache Maschinnen déi elementar Mechanismen vu Kraaft- an Beweegungsiwwerdroung kenneléieren a verstinn.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Teambuilding

Cycle 3 + 4

D’Zil vun dëser Aktivitéit ass, datt d’Schüler léieren Aufgaben zesummen am Grupp ze léisen. Bei dësen Aufgaben mussen d’Schüler mateneen iwwerleeën, beobachten, Decisiounen huelen an och Kompromësser agoen, fir dat gemeinsaamt Ziel ze erreechen .

Et geet hei drëm, dat jiddereen säin Bäitrag leeschte muss. Et gëtt kee Gewënner oder Verléierer; d’Bewältegung vun der Aufgab ass d’Haaptzil.

An engem ausserschoulesche Kontext léieren d’Schüler sech selwer an och hir Kolleegen emol vun enger anerer Säit kennen a verstoen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Mir brennen an d’Holz

Cycle 3 + 4

Zesumme gi mir eraus an de Bësch an entdecken déi verschidde Beemzorten, déi am Arboretum vum Parc Housen wuessen. Mir maache Fotoe vun deene verschiddene Beem an huelen alles mat an de Klassesall. Do brenne mir dann déi verschidde Beemzorten an Holzscheiwen.

Aktivitéitsfiche (A4): 

 

Vum Kär zum Brout

Cycle 3 + 4

Aus wéi enge Planzen gëtt Miel gemaach? Mir kucken eis déi verschidden Zorten un a probéieren dann äus Kären Miel ze maachen. Wéi geet dat? Wéi hun d'Leit dat an der Jongsteenzäit gemaach, wéi ass et virun honnert Joer gemaach gin, a wéi maache mir et haut?

No villem Experimentéieren maache mir äus Miel en Deeg a bake Stackbrout beim Feier.

Gudden Appetit!

Aktivitéitsfiche (A4): 

©2020 Classes Vertes • PrivacyTermsContact
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!