Aktivitéiten „Grünes Klassenzimmer“
Centre écologique Parc Housen
D’Haaptzil vun eisen Aktivitéite besteet doran, de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn hir Ëmwelt aktiv a mat alle Sënner ze erfuerschen an duerch den noe Kontakt mat der Natur verschidde Liewensraim ze entdecken an ze erliewen. D'Wëssenschaften, d’Beweegung an dat soziaalt Léiere si weider Schwéierpunkte vun den Aktivitéiten.
Ausgangspunkt vun allen Aktivitéiten ass de Centre écologique, dee matzen am Naturpark Our läit. Doriwwer eraus kënnen och Ausflich an der Regioun gemaach ginn.
Wärend dem Openthalt am Centre écologique zu Housen begéint dir folgend Leit: