logo
Klass RINGS/IHRY (C4.1)

Schoulfest Suessem

12. Juli 2023

Den 12. Juli konnte mir nees mat der Traditioun uknäppen an hunn eist Schoulfest wéi viru COVID an eisem Schoulhaff organiséiert. Mir soe jidderengem Merci, deen zu dësem schéinen Nomëtte bäigedroen huet.

Klass RINGS/IHRY (C4.1)

Mir hu fir den Télévie gebastelt!

18. Abrëll 2021

Scho fir d'Zweet ass eist Fréijoersfest zu Gonschte vum Télévie wéinst dem COVID ofgesot ginn. 
D'Kanner hunn dofir fläisseg an der Schoul gebastelt an hir Eltere konnten hir Konschtwierker kafen.

Mir soe jidderengem Merci, dee matgehollef huet dee formidable Betrag vun 2004€ ze erreechen!

Mam Erléis vun eise Schoulmasken am Dezember komme mir op eng stolz Zomm vun 2128€ fir de Centre de Promesses Suessem.

 

 

Schoul Suessem

Initiativ fir d'Wuelbefanne vun de Kanner

27. März 2021

De Message vum Unterréchtsminister Claude MEISCH

 

guide_parents_de.pdf
guide_parents_en.pdf
guide_parents_fr.pdf
guide_parents_lu.pdf
Schoul Suessem

E Stopp fir e Mupp - Besuch vun der Madame Prost a vum ITOU

26. Februar 2021

Den Itou ass ee prächtege schwaarze Labrador Retriever, deen zwee Joer ausgebild gouf fir enger Persoun mat enger Behënnerung, sief et kierperlech oder mental, am Alldag ze hëllefen. Elo geet hie mat senger Betreierin a Schoulen fir ze weise wat sou Assistenzmuppen alles kënnen an och fir Hëllef fir d'ASA -Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn ze froen bei der Finanzéierung vun dëser ganz deierer Ausbildung. Dat kann ee ganz einfach maachen andeems ee Plastiksstëpp fir si sammelt. 
Bei eis an der Schoul gëtt et ee Container am ale Gebai ënnen am Gang, an deem d'Kanner hir Stëpp geheie kënnen.

https://www.asa-asbl.com/

https://www.doggy.lu/fileadmin/user_upload/asa-bouchons-1709.pdf

Schoul Suessem

Update Fréijoersfest

26. Februar 2021

Wéinst der grousser Ongewëssheet an där mir eis all de Moment wéinst dem COVID-19 befannen, hu mir schwéieren Häerzens decidéiert d'Fréijoersfest ofzesoen.

À cause de la situation incertaine dans laquelle nous nous trouvons actuellement à cause du COVID-19, nous avons malheureusement dû nous résoudre à annuler la "Fête du Printemps".

:(

©2025 Ecole Sanem, Commune de Sanem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Juni 2025
De Do Fr Sa So
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30
Ecole de Sanem
33-39, rue de Niederkorn
4990 Sanem
Luxembourg
Tel: +352 26 59 12 28 360 (aalt Gebai)
       +352 26 59 12 28 390 (neit Gebai)
       +352 26 59 12 28 2514 (Pavillon Hellgebaach)
          san@ecoles-​sanem.lu
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen um Website
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
spacer