logo

Krëschtmaart mat Konzert

Mëttwochs den 19. Dezember hate mär, zesummen mat den Hot Daddies'Suessem, eis Krëschtfeier an der Suessemer Hal. Bei gudde Käschten, warmem Schoki a Glühwain konnten d'Kanner an hir Elteren e puer gemittlech Stonne verbrengen, déi kreativ Bastelaarbechten kafen an dem gelongene Konzert vun de Suessemer Schoulkanner an den Hot Daddies'Singers lauschteren.

COOLNESS-Training

Am Januar / Februar 2019 huet eisen 3.2. e Coolness-Training absolvéiert.

D'Kanner hate vill Spaass an hu geléiert, wéi een op Konfilkter réagéiert an se gewaltfrai léise kann.

Den C4.2 vu Suessem war am Lycée BelVal

D'Klasse vun der Madame Delli Zotti a Madame Termont waren den 8. Mee am Kader vum Projet ORIKA de Lycée BelVal besichen. D'Kanner hunn eng Besichtegung vum Gebai gemeet, an der Kantinn giess an sech nomëttes an Atelieren wéi z. B. Schräinerei, Elektronik oder Chimie ausprobéiert.

©2021 Ecole Sanem, Commune de Sanem • PrivacyTermsContact
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!
Colonies de Vacances

D'Klass vum C3.2 geet all Joers am Summer op Fiesch (CH), an d'Klass vum 4.1 geet am Wanter op déi selwecht Platz Schifueren.

Méi Infos fënns de um Website vu de Colonies de Vacances aus der Gemeng Suessem:

http://colonies-​sanem.schoul.lu

spacer