logo

Op dëser Säit fannt Dir Fotoe vu allerlee Saachen, déi mir an oder ronderem de Schoulgebaier fonnt ginn, an op deene leider kee Numm steet.

Wann Dir eppes erkennt, mellt Iech da beim Enseignant vun Ärem Kand oder schreift eis op suessem.sanem.lu. Dir kënnt och eng Kéier selwer an d'Këscht, déi um Fënsterbriet vum ale Gebai steet, wulle kommen.

Et ass scho vu Virdeel, wann Dir Ärem Kand seng Saache mat sengem Virnumm oder sengen Ufanksbuchstawe beschrëft. Ee Kand erkennt seng eege Saachen oft net erëm, well et se net aus deem selweschte Bléckwénkel gesäit ewéi mir. Wann et se ausserdeem net selwer ausgesicht huet, ass den Objet him friem. Bannt also d'Kand beim Aussichen a Beschrëften an, datt et ee Bezug zu sengem Eegentum huet.

Et gi ganz vill Ubidder vu personnaliséierbar Nominetten, déi ee souguer ouni Streckeisen op d'Kleeder pesche kann. 

©2021 Ecole Sanem, Commune de Sanem • PrivacyTermsContact
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!