logo
Cycle 3

Sciences - Mir gin eraus

19. septembre 2022

Mir hu vum gudde Wieder profitéiert fir eng Aktivitéit dobaussen ze maachen. An Dräiergruppen haten d'Kanner e Bestëmmungsbuch. Si sollten esou vill wéi méiglech verschidde Planzen (an e puer kleng Déieren) fannen a bestëmmen. Fir déi méi schwiereg Fäll oder déi, déi net am Schoul-Bestëmmungsbuch ze fanne waren hate mer och nach méi komplett Bestëmmungsbicher dobäi. Déi nächst Woch ginn all des Impressiounen um Bookcreator verschafft...

Schoul Eilereng

Schoulfest

13. juillet 2022

Haut ass d'Eilerenger Schoulfest, Fotoe komme no a no am Laf vum Mëtteg...

Cycle 3

Akrobatik - 2

12. juillet 2022

Mir hu weider gemaach mat der Akrobatik. No e puer gemeinsamen Opwiermübungen, konnten d'Kanner selwer aus Karteikäertercher eraussiche, wéi eng Figur si, aleng oder zu méi, maache wéilten. All Respekt dofir wéi respektvoll a mat Réckssicht een op deen aneren si dat gemeeschtert hunn! Bravo!

Cycle 2

Lasauvage

12. juillet 2022

De Cycle 2 geet op Lasauvage, Fotoë kommen am Laf vum Moien...

Cycle 3

(Partner-)Akrobatik

1. juillet 2022

Am Turnen stung haut Akrobatik um Programm. Zu zwee oder zu méi sin e puer Basisübungen probéiert ginn. Mir hunn extra opgepasst, wou mer eis um Partner ofstäipen a wéi mer eis halen. Ganz wicheg ass och, dass Bescheed gesot gëtt, wann een et net méi packt.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Schoulsportdag 2025
27. Juni 2025 fir all Kanner aus der Schoul Eilereng.
Ausfluch 2025
Grottes de Han, 14. Juli 2025.
Schoulfest 2025
Fällt aus organisatoresche Grënn leider aus, ass fir d'Kanner kombinéiert mam Schoulsportsdag de 27. Juni.
Wanterfest 2025
nach net festgeluecht...
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Contenu externe: Autoriser l'affichage du contenu externe de google.com?
J'accepte que du contenu externe m'apparaisse. Cela permet de transmettre des données personnelles à des plateformes tierces. [En savoir plus sur notre politique de confidentialité.]
afficher contenus externes de google.com
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer