logo

Kreativ-Atelier Musék

20. mars 2025

Mir ware mat de Kanner op der Spillplaz an hu bausse Musek gemaach. D'Kanner hu misse kreativ sinn, fir verschidde Geräischer ze produzéieren an duerno eppes virzestellen.

Akrobatik

16. mars 2024

Esou lues a lues kommen impresionnant Konsctstécker eraus!

Akrobatik

23. février 2024

Am Turnen si mer amgaang Akrobatik ze maachen. Nom Opwiermen an e puer Basis-Übungen fir d'Grondreegelen kennen ze léieren, konnten d'Kanner sech fräi Käertercher mat verschiddenen Akrobatien aussichen an déi realiséieren. Bei deenen méi schwéieren huet missen een Erwuessenen dobäi sinn.

D'Akrobatik fërdert d'Selbstvertrauen, baut d'Kierperschema weider aus a léiert d'Kanner een deem aneren ze vertrauen. Si mussen een op deen aneren oppassen a wann ee "Stopp" seet, gëtt d'Übung direkt  erem ofgebaut, ouni sech falen ze loossen.

Kloteren

17. novembre 2023

Haut waren e puer vun de Kanner an de Boulder-Raum fir do nach e bëssen Technik ze üben. Dat huet gutt geklappt. Duerno ware mer erem alleguer am grousse Sall. Alles leeft super a jidferee wiisst iwwer säin eegene Schied eraus.

Kloteren

27. octobre 2023

Mëttlerweil si mer alleguer am grousse Sall ukomm. E puer Kanner komme scho bis ganz uewen hinn. Déi éischt hunn en extra Challenge kritt: Si musse mat verbonnenen Ae kloteren! Mee och dat hu si ganz gutt gemeeschtert. Weider esou!

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.