logo

Häerzlech Wëllkomm

D'Léierpersonal aus de Schoulen Zolwer 2000 an Zolwer Zenter heescht Iech wëllkomm um Internetsite vun eise Schoulen.

Klass Ronny WESTER

Äppelviz

13. Oktober 2019

Haut war de C4.2 am Ellergronn vir leckeren gesonden Viz ze maachen. Mmmmh!

10 Biller alles uweisen
Klass Ronny WESTER

35 Grad

26. Juni 2019

Klenge Spaass bei der Hetzt

Klass Ronny WESTER

Olympiadag

18. Juni 2019

D'Klassen vum C4 hunn haut interessant Sportarten ausprobeiert

- Rugby

- Beachvolley

- VTT

- Judo/Taekwondo

Mär haten all vill Spaass an hunn eis bei herrlechem Wierder sportlech gutt ameséiert.

 

66 Biller alles uweisen
Klass Liane MIESZALA

Robbesscheier / Ausfluch / 22/05/19

27. Mee 2019

De lëschte Mëttwoch ware mer (d'Schüler aus der Schoul Zolwer 2000, aus der Klass Szabo) op ee ganz flotten Ausfluch an d'Robbesscheier op Munshausen (Munzen). 

 

Mer waren a verschidden Atelieren. Fir d'éischt hu mer gesinn, wéi d'Schof geschuer gi sinn. Dunn si mer an de Keramiksatelier gaange, wou mer vill flott Figure geformt hunn. Duerno ware mer ganz vill hongereg, a mer hunn op der Spillplaz picknickt a ganz flott gespillt. 

Mëttes si mer an den Atelier vun der Woll gaangen. Dësen Atelier war ganz interessant an och ganz flott a mer hu gutt gelaacht. Den Här deen dee gehalen huet, war ee coole Witzbold. Duerno si mer mat der Kutsch gefuer, all Kanner duerften eemol vir sëtze goen. D'Päerd waren d'Jasmine an d'Duschka. 

No eiser Kutschefaart si mer an de Bakatelier gaangen an do hu mer Äppeltäsche gebak. Ei, waren déi gutt, déi hu lecker geschmaacht. 

Zum Schluss si mer nach d'Déiere, d'Hénger, d'Schnuddelhong, d'Kanéngercher, d'Schof, d'Geessen an d'Iesele fiddere gaangen. 

Leider war do Zäit fir eis nees op den Heemwee ze maachen. Dat war ee super Ausfluch.

 

d'Kanner aus der Klass Szabo 😁😁👍🏻👌😍 Derya,Tiago,Cyntia,Jérémy,Simao,Kayla,Ivan,Vincent,Ailan,Miguel,Emma,Marta,Bruna,Camila

Joffer Liane

227 Biller alles uweisen
Klass Ronny WESTER

Visite am Geschichtsmusée (MNHA)

22. Mee 2019

Haut si mär an der Zäit zreckgereest an zwar an d'Epoch vun der Gallo-Réimer.

https://sites.schoul.lu/oli/lu/schoolweb/-/rNRKPV2MJD/26644/?gallery_focus=82

24 Biller alles uweisen
©2025 Ecole Zolwer 2000, Commune de Sanem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Juni 2025
De Do Fr Sa So
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30
spacer
Ecole 2000                    Ecole du Centre
Cycle 2-4                       Cycle 1
45, rue de Belvaux        14, rue Prince Jean
L-4418 Soleuvre            L-4463 Soleuvre
Tel: +352 59 40 05         +352 26 59 01 70
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
spacer