De Laurent Agostino haat en Opruff op de soziale Medien gemaach fir e Projet am Cycle 4.2 virstellen ze kommen. Zesummen mat der Joffer Ladroye hu mir puer Datumer fonnt, wou den Laurent sech konnt an d'Klasse kommen fir d?Thema vun de rare Krankheeten opzegraifen. Hien huet de Schüler seng Krankheet EDMD erkläert an hinnen d'Méiglechkeet gi Froen doriwwer ze stellen. Villmools Merci fir dëse flotte Projet Laurent.