logo

Wëllkomm op http://ecoles-petange.schoul.lu

NEWS & UPDATES: Wat leeft an eise Schoulgebaier ?

L4.1 Schrank Guy & Hoerold Pia 17/18 (C4) - Schoul Lamadelaine

Ausfluch an de GONDWANA-Dinopark

9. Juli 2018

Déi Rollenger Klassen aus dem Cycle 4.1 waren zu Schiffweiler am Gondwana-Praehistorium. E flotten a léierräiche Besuch an der „Vergaangenheet“ vun eiser Äerd. Top!
32 Biller alles uweisen
Schoul Péiteng

Summerfëst An Eigent

5. Juli 2018

ab 16h am Schoulhaff "An Eigent"
L4.1 Schrank Guy & Hoerold Pia 17/18 (C4) - Schoul Lamadelaine

Kelten- & Réimerwoch um Tëtelbierg

2. Juli 2018

Grousse Merci un d‘Naturschoul vu Lasauvage déi och dëst Joer nees hir Kelten- & Réimerwoch um Tëtelbierg organiséiert huet. 3 Klassen aus dem Cycle 4 vu Rolleng hunn deelgeholl a ware begeeschtert vun den Atelier‘en déi de Kanner ugebuede goufen: Réimesch Spiller, Feier maachen, Mënzen prägen an eng Fibel hierstellen! Super!
32 Biller alles uweisen
Schnéiklassen Gemeng Péiteng

Filmowend Classe de neige 2018

27. Juni 2018

Et ass mëttlerweil eng Traditioun: um Enn vum Schouljoer kréien Elteren a Kanner aus dem Cycle 4.2 vu Rodange-Péiteng-Lamadelaine gewisen wat si am Januar an de Schnéiklassen erlieft hunn!
LASEP Pétange - Schoul Péiteng

De Site vun der LASEP ass online

27. Juni 2018

De Site vun der LASEP ass online :http://lasep.schoul.lu
Schoul Lamadelaine

Schoulfest 2018 zu LAMADELAINE

15. Juni 2018

Freides, den 1. Juni huet an der Schoul zu Lamadelaine d'Schoulfest 2018 stattfonnt. Nierft de Schoulklassen vum Cycle 1 bis 4 hunn sech d'Maison-Relais "Tëtelbieren" an d'Elteren un dëser Organisatioun bedeelegt. E grousse Merci un all déi Fräiwëlleg déi dës Organisatioun ënnerstëtzt hunn. Iwwer 2000 € konnten ënnerhalb vun nëmmen e puer Stonnen fir de gudden Zweck gesammelt ginn. Bravo! Mir freeën eis elo schons op d'Editioun 2019!
31 Biller alles uweisen
L4.1 Schrank Guy & Hoerold Pia 17/18 (C4) - Schoul Lamadelaine

Optrëtt zum Thema "Zivilcourage" um Schoulfest

1. Juni 2018

Am VieSo-Unterrecht vun der Joffer Sarah Castellani hunn d'Schoulkanner aus dem Cycle 4.1 sech mam Thema Zivil-Courage befaasst an dozou eng kleng Szen ageübt déi si um Schoulfest dem Publikum virgedroen hunn.
6 Biller alles uweisen
Schnéiklassen Gemeng Péiteng

Bye bye Schnéiklassen 2018

6. Februar 2018

D'Schnéiklassen 2018 zu Steinach am Brenner si fäerdeg. Et war eng fantastesch Woch am Schnéi mat super Wieder an optimale Schnéiverhältnisser. E grousse Merci geet un d'Organisateuren an d'Equipe op der Plaz: Léierpersonal, Moniteuren/Monitricen an d'Doktesch déi dofir gesuergt hunn, datt eis Schoulkanner eng onvergiesslech Woch verbréngen. An eiser Foto-Gallerie kennt dir iech nach ee Mol di schéi Momenter vun der Editioun 2018 ukucken. Schnéiklassen'2019, mir kommen...
Schnéiklassen Gemeng Péiteng

+++ INFO RETOUR CLASSES DE NEIGE 2018 +++

2. Februar 2018

🏁 Eis Schoulkanner aus dem Cycle 4.2 an dee ganze Begleeder-Staff si gutt an der Gemeng Péiteng ukomm! Enfants et accompagnateurs sont bien arrivés dans notre commune! 👍 Un merci particulier aux chauffeurs de bus des entreprises Huberty, Simon-Tours et Unsen.
Déi 5 Reesbus'en wäerten géint 20:30 Auer ukommen. // L'arrivée des bus à Lamadelaine, Rodange et Pétange est prévue vers 20h30.
Schnéiklassen Gemeng Péiteng

+++ RETOUR - CLASSES DE NEIGE 2018 +++

2. Februar 2018

Eis Schoulkanner an dee ganze Begleeder-Staff sinn um Heemwee! Géint 10h15 sinn déi 5 Reesbussen zesumme gestart. Mir wënschen hinnen eng gutt Rees! // Toute l'équipe des classes de neige 2018, enfants et accompagnateurs viennent de prendre la route du retour. Nous leur souhaitons un agréable voyage.
❗️ L'horaire exact des arrivées vous parviendra au courant de la soirée. 🕢
©2025 Schoulen • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
D'Grondschoulen aus der Gemeng Péiteng online:
Juni
3
Dënschdeg
spacer
Association CLASSE DE NEIGE [Pétange] asbl
+ + e-Aktiv Schoulklassen + +
24.5.2025
Klass Steve PÜTZ (C2)
14.5.2025
Klass Laurent Biraschi (C4)
7.5.2025
Klass Nadine BERENS (C3.1)
14.3.2025
Klass Bob BERNARD (C4)
11.3.2025
Klass Jeff SCHRANK (C4)
11.2.2025
Klass Aline Gangolf (C4.2)
8.12.2024
R 4.1 / 4
5.6.2024
Klass Sybille DENYS (C2)
spacer