D'Schülerinnen an d'Schüler aus dem Cycle 4 gesinn an hirem Mathematiksunterrëcht ënnerschiddlech analog an digital Methoden, wéi een d'Kompetenze vum "Computational Thinking" praktesch fërdere kann.
D'Elteren hunn awer och d'Méiglechkeet, mat hiere Kanner un engem vun dräi Workshops "Einfach kodéiere mat der Famill" deelzehuelen.
An dësen Atelieren erlieft d'Famill ganz praktesch, wat mat "Einfach kodéieren" gemengt ass.
Dës Ateliere fanne statt:
06. Februar 2021 (14.00-18.00) Al Seeërei (Diekirch)
06. März 2021 (14.00-18.00) House of Startups (Luxembourg)
20. März 2021 (14.00 - 18.00) Centre Culturel Régional Op der Schmelz (Dudelange)