Mam grousse Bénéfice vum Schoulfest, wat de 17. Juni 2022 stattfonnt huet, ënnerstëtzt d'Schoul Lamadelaine hir Partner-Asbl "Hand an Hand" mat engem Don vu 4000 €. Domat ënnerstëtze mir e Schoulprojet am Burkina Faso, dee vun Hand-an-Hand begleet gëtt. E grousse Merci un d'Schoulkanner, d'Léierpersonal, d'Elterevertrieder an d'Maison-Relais fir hir Ënnerstëtzung beim Schoulfest!