© Commune de Pétange
Enn Mäerz haten d’Kanner aus dem Cycle 1 aus der Péitenger Eigent-Schoul en Ouschtermaart organiséiert, bei deem 3.333 Euro zesummekoumen.
Den 20. Abrëll, am Kader vun enger klenger Feier, waren d’Kanner méi wéi houfreg, datt se den integralen Erléis vun hirem Ouschtermaart der Unicef Lëtzebuerg, vertrueden duerch d’Madamm Martine Karier, konnten iwwerreechen, fir esou mat hirem Geste den ukrainesche Kanner kënnen ze hëllefen.
Musikalesch ënnermoolt gouf dëse klenge Festakt vu Kanner aus den Cycle 4 aus der Péitenger Park-Schoul, déi dem John Lennon säi Lidd ‘Imagine’ virgedroen hunn.