Wann dir LIVE wëllt eng Koppel Schielmeese Klass beobachten, déi hir Eeër leeën, ausbréien an hir Kleng fidderen, kënnt dir dat an den nächste Wochen um Live Stream op dem Youtube Kanal vum ‘natur musée’ kucken:
Wat steet um Programm:
- Eeër leeën: 1. Juni dat éischt Ee ass geluecht ... 2. Juni dat 2. Ee …an an den nächsten Deeg leet d’Schielmees normalerweis dann all Dag en neit Ee, an dat kënnen am Ganze bis zu 12 Eeër sinn.
- Ausbréien: Wann dat lescht Ee bis geluecht ass, ginn d’Eeër da wärend ongeféier 2 Woche vum Weibchen ausgebréit. De Männche verdeedegt d'Revéier a bréngt de Kascht erbäi.
- Déi Kleng klammen aus den Eeër: Am interessanteste fir ze kucken ass et dann am Juli, wann d'Naschtquakerten aus den Eeër klammen a wärend ongeféier 3 Wochen am Nascht vun den Eltere gefiddert ginn. No dëser Zäit verloossen déi kleng Meesen dann hiert Nascht a kuerz drop och hir Elteren.