D'Virbereedunge lafen op Héichtouren! No zwee Joer Zwangspaus wéinst Covid gesäit et gutt aus fir d'Schnéiklassen 2023. Mat enger neier Destinatioun: wéinst ëmmer méi Schoulkanner war den Organisatiounscomité gezwongen, eng nei "Heemecht" fir d'Schnéiklassen ze sichen. Si hunn eppes fonnt an dir kënnt um Site vun de Schnéiklasse kucken, wou d'Rees dann elo higeet... (http://classedeneige.schoul.lu)