D’Steeseler Schoul war gutt op der YEP ! Schoulfoire vertrueden :
D’Äerdbierfiiss hunn an der Final vun der First Lego League den éischte Präis an der Kategorie Robot Design gewonnen.
D’Klass Ferres/Muller war an der Final vun der Dash Live Challenge, déi dëst Joer déi éischte Kéier organiséiert gouf, a konnt sech do eng gutt 5. Plaz vu 25 erkämpfen.
Mir gratuléieren de Kanner an hiere Coaches!