logo

Actualités

Wëllkomm

Wëllkomm um Website vun der Grondschoul Steesel. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. Vill Spaass beim Entdecken.

News

Liessgrousselteren

25. Juni 2025

An Zesummenaarbecht mam Script wäerte mir als Steeseler Schoul eis am Projet Liessgrousselteren engagéieren.

D'Zil ass et, datt pensionnéiert Leit d'Méiglechkeet hunn, fir eng Liesaktivitéit eemol d'Woch an d'Schoul ze kommen. Si kënnen mat de Kanner zesummen liesen oder eppes virliesen. Weider Informatiounen fannt dir um Flyer.

Wann dir interesséiert sidd oder Froen hutt, zéckt net, iech bei eis ze mellen. 

 

 

propose_buet2.pdf

Schoulfest

25. Juni 2025

D'Schouljoer neigt sech dem Enn zou an deemno steet och dat traditionnellt Schoulfest vun der Apeep, der Steeseler Schoul, der MR Heeschdref & Steesel an dem Jugendhaus virun der Dir. Mir freeën eis, iech do all ze begréissen. 

schoulfest_2025.pdf

Yep! - Schoulfoire

28. Abrëll 2025

D’Steeseler Schoul war gutt op der YEP ! Schoulfoire vertrueden :

D’Äerdbierfiiss hunn an der Final vun der First Lego League den éischte Präis an der Kategorie Robot Design gewonnen.

D’Klass Ferres/Muller war an der Final vun der Dash Live Challenge, déi dëst Joer déi éischte Kéier organiséiert gouf, a konnt sech do eng gutt 5. Plaz vu 25 erkämpfen.

Mir gratuléieren de Kanner an hiere Coaches! 

First Lego League

14. Februar 2025

Genee wéi schon 2024, huet och dëst Joer eng Equipe aus der Steeseler Grondschoul bei der First Lego League matgemaach. Encadréiert vum Carole Schmit an dem Joëlle Gelhausen, hunn d’Äerbierfiiss säit September fläisseg no der Schoul un de Projets geschafft. An déi Aarbecht sollt sech ausbezuelen!

An de Qualifikatiounen hu si et fäerdeg bruecht, sech ënnert déi 24 bescht Equippen ze plazéieren a sinn deemno den 27. Abrëll bei der nationaler Final vun der First Lego League am Forum Geeseknäppchen derbäi. Do heescht et da rem fläisseg d’Daumen drécken. 

Gläich geet et rem lass

9. September 2024

Och dës grouss Vakanz geet an enger Woch op een Enn an da gesi mir eis all rëm an der Schoul.

Eng grouss Ännerung an eiser Steeseler Schoul ass ganz sécher, datt de Zykel 2 an dat neit Schoulgebai Prënz Charles plënnert. 

Mir wënsche lo schonn alle Kanner, Elteren an Enseignants eng flott läscht Woch Vakanz an ee flotten Ufank an der Schoul.

©2025 Steeseler Schoul • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsPress InfoContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Brochure Organisation Scolaire
Dossier personnel
spacer
spacer