logo

Actualités

Wëllkomm

Wëllkomm um Website vun der Grondschoul Steesel. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. Vill Spaass beim Entdecken.

News

Kanner-Secondhand & Floumaart

8. November 2021

20211108084418_kannerfloumaart_2.pdf

Schoulchartawoch / Semaine de la Charte Scolaire

18. Oktober 2021

SCHOULCHARTAWOCH
vum 25.10. - 29.10.2021 an der Schoul
a vum 1.11. - 05.11.2021 an der Maison Relais

Fir d ‘Zesummeliewen an eiser Schoul an an der Maison Relais ass et wichteg, datt mir all (Schüler, Enseignanten, Éducateurs an Elteren) respektvoll, hëllefsbereet a fair mateneen ëmginn. An all de Cyclen an an der Maison Relais wëlle mir eis och dëst Schouljoer nees Zäit huelen, d ‘Thema Frëndschaft, Zesummenhalt, Vertrauen a Mateneen an de Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht ze stellen.

SEMAINE DE LA CHARTE SCOLAIRE
du 25.10. - 29.10.2021 à l’école
et  du 1.11. - 05.11.2021 à la Maison Relais

Dans le souci de créer un milieu d'apprentissage empreint de respect, d'aide, de confiance et de fair-play, les élèves, les enseignants, les éducateurs et les parents se sont donné des règles de conduite fondées sur les droits et les devoirs de tous les partenaires scolaires. À travers les quatre cycles ainsi qu'à la Maison Relais, nous nous engageons à thématiser l'amitié et la vie en commun au cours de cette année scolaire.

Schoulrentrée

21. September 2021

De 15. September huet d’Schoul rem ugefang.

D’Kanner kruten vun der Elterevereenegung ee flotten Turnkuerf an en Appel geschenkt.

All Kand krutt och ee « Bichelchen » vun der Gemeng geschenkt, eng flott Agenda fir d’ganzt Joer.

Virliesconcours 2021 - Gewënnerin Mia Thilges aus dem 4.2.

26. Abrëll 2021

Bei der Editioun 2021 hunn nees vill Schülerinnen a Schüler matgelies. All Schüler dee matgemaach huet, krutt ee Bong fir d’Babbelbier an d’Mia e Bong vun der Librairie Zimmer vun Dikrech.

   Hei fannt dir dem Mia säi Video! Hat liest aus dem "Harry Potter und der Stein der Weisen".

De Virliesconcours fir d’Kanner aus dem Cycle 4 ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert.
Sou wéi déi lescht Jore steet de Virliesconcours ënnert engem Thema; dëst Joer ass et Thema vun der
 
Famill
         
Jiddereen vun eis ass vun dësem universellen Thema betraff. Déi eng, well se u schéin Erliefnesser denken, anerer well se vläicht och scho schwéier Momenter an der Famill erlieft hunn an dacks op d’Ënnerstëtzung vu Familljememberen ziele konnten. Am Lockdown hu mir eng intensiv Zäit mat engem Deel vun eiser Famill verbruecht, an aner Familljememberen vermësst, déi mer vill ze wéineg gesinn hunn. Et war schwéier, seng Léifst ze schützen, andeems ee vun hinnen ewechbliwwen ass.
 
Mä och am Normalfall ass d’Thema Famill omnipresent, sief et well et witzeg, komesch, traureg oder ergräifend Situatiounen an der Famill gëtt, oder well sech eng Familljesituatioun geännert huet a mir eis ëmstelle hu missen. Haut gëtt et souvill Forme vu Famill: Patchwork-Famillen, eleng erzéiend Elteren, gläichgeschlechtlech Elteren, Adoptivfamillen, Fleegefamillen... An dach hu se all eppes gemeinsam: si liewen an erliewen villes zesummen, mol Guddes, mol manner Guddes.

Dëst wichtegt Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och a neie Bicher, vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Texter derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.

 

 

Bunny on Tour!

28. März 2021

Den Ouschterhues war haut um Tour zu Steesel an zu Heeschdref. Op sengem Tour vun 4 km, am Respekt vun alle sanitäre Mesuren, huet hien all d'Kanner beschenkt, déi hien begéint huet. Merci fir déi flott Aktioun un d' APEEP Steesel.

Le lapin de Pâques a fait un tour de 4 km à travers Steinsel et Heisdorf aujourd'hui dimanche. Tout en repectant toutes les mesures sanitaires, il a remis des oeufs aux enfants qu'il a rencontré. Un grand merci pour cette belle action à l'APEEP Steinsel.

©2025 Steeseler Schoul • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsPress InfoContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Brochure Organisation Scolaire
Dossier personnel
spacer
spacer