logo

Actualités

Wëllkomm

Wëllkomm um Website vun der Grondschoul Steesel. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. Vill Spaass beim Entdecken.

News

Gréng Meilen

3. November 2023

D'Steeseler Schoulkanner hunn am Fréijoer 2023 och vill gréng Meile gesammelt, andeems si ze Fouss, mam Velo, mat der Trottinette oder mam Bus an d'Schoul komm sinn. 

Resultat: 3192 grénge Meilen konnten sou an 2 Woche gesammelt ginn. 

Bravo!

 

Ee grousse Merci och un d'Elteren, déi hier Kanner bei dëser Aktioun ënnerstëtzt hunn.

Rentrée scolaire

12. September 2023

E Freiden geet no 2 Méint Grouss Vakanz d'Schoul rem un.

Mir wënschen all de Schüler, den Enseignants an den Elteren ee gudden Ufank an dat neit Schouljoer!

Säit dem 9.10. fonctionnéiert de Bustransport rem mat deem fréieren Fuerplang.

Mir weisen och drop hin, datt d'Buslignen vum Schoultransport adaptéiert goufen. Dir fannt déi néideg Informatiounen an der Brochure vun der Schoulorganisatioun, déi dir heem an d'Boîte krut (oder hei um Site). 

Transport scolaire: Attention, il y a eu des adaptations des lignes et des horaires pour l'année scolaire 2023-24. Vous trouverez ces informations dans la brochure organisation scolaire.

Schoulfest

30. Juni 2023

De Samsden 8.7. ass et rem sou wäit: 

Um Schoulcampus Heeschdref heescht et dann: Schoulfest! 

Dëst flott Fest ass organiséiert vun der Apeep, dem Steeseler Léierpersonal & de Maisons Relais vun Heeschdref a Steesel.

20230630150500_03_flyer_schoulfe.pdf

Schoulchartawoch 2022

22. November 2022

An der Kategorie Album fannt dir Fotoen aus deenen 3 Zyklen. Vill Spaass beim Kucken.

Schoulchartawoch

18. Oktober 2022

vum 24.10. - 28.10.2022 an der Schoul

vum 31.10. - 4.11. an der Maison Relais

Fir d'Zesummeliewen an eiser Schoul an an der Maison Relais ass et

wichteg, datt mir all (Schu?ler,Enseignanten,Educateurs an Elteren)

respektvoll, hëllefsbereet a fair mateneen ëmginn. An all de Cyclen an an

der Maison Relais wëlle mir eis och dëst Schouljoer nees Zäit huelen,

d'Thema Frëndschaft, Zesummenhalt, Vertrauen a Mateneen an de

Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht ze stellen.

 

Dans le souci de créer un milieu d'apprentissage empreint de respect,

d'aide, de confiance et de fair-°©?play, les élèves, les enseignants, les

éducateurs et les parents se sont donné des règles de conduite fondées

sur les droits et les devoirs de tous les partenaires scolaires. A travers les

quatre cycles ainsi qu'à la Maison Relais, nous nous engageons à

thématiser l'amitié et la vie en commun au cours de cette année scolaire.

©2025 Steeseler Schoul • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsPress InfoContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Brochure Organisation Scolaire
Dossier personnel
spacer
spacer