D'Schnéiklassen 2018 zu Steinach am Brenner si fäerdeg. Et war eng fantastesch Woch am Schnéi mat super Wieder an optimale Schnéiverhältnisser. E grousse Merci geet un d'Organisateuren an d'Equipe op der Plaz: Léierpersonal, Moniteuren/Monitricen an d'Doktesch déi dofir gesuergt hunn, datt eis Schoulkanner eng onvergiesslech Woch verbréngen. An eiser Foto-Gallerie kennt dir iech nach ee Mol di schéi Momenter vun der Editioun 2018 ukucken. Schnéiklassen'2019, mir kommen...